Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - Wheel Of Fortune

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ Concert Euroradio: Oper

Concert Euroradio: Oper

Eng Redécouverte an der Operezeen ass Aben Hamet vum Théodore Dubois, hei als Live-Matschnëtt vum kanadesche Radio den 1. Juni 2013 vun der OperAben Hamet vum Théodore Dubois als Concertsversioun an der Saint Lambert’s United Church zu Montreal. Den Théodore Dubois huet sech gären um moslemeschen Orient inspiréiert . Esou entstoung d’Oper Aben Hamet am Joer 1884 no der Nouvelle vum Chateaubriand: Les aventures du dernier Abencérage, aus de Joren 1809 an 1810. D’Librettiste vun der Oper, Détroyat an de Lauziéires, hunn d’Gedicht ëmgewandelt an eng “Grand Opéra” a 4 Akten, mat Zeene vu Mënschemassen, grouss Feieren, Schluechtszeenen, mat och enger Partie Heldinnen wéi d’Zuléma, d’Mamm vum Held, déi d’Schicksal erausfuerderen an den Opstand vu Granada initiéieren.Solisten: Nicolas Rivenq, Aben-Hamet; Marc Boucher, Le Duc de Santa-Fé; Julie Fuchs, Bianca; Pascale Beaudin, Alfaïma; Nora Sourouzian, Zulema. L’Orchestre de chambre de la Montérégie. Chœur du Festival Classica. Chef de chœurs: Martin Dagenais. Direktioun: Jean-Claude Malgoire.Presentéiert vum Manuel Ribeiro. (Rediff. vun dënschdes, 14:00)

Episoden

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival

E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.

Colin Pütz: en Numm, deen ee sech mierke sollt

Dee 17-järege Pianist spillt den 21. Pianosconcerto vum Mozart, zesumme mam George Enescu Philharmonic Orchestra.

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Den Éisträicher Operesänger Liviu Holender sengt Musek vum Gustav Mahler.

Schubert a Schumann

SWR Symphonieorchester, Giovanni Antonin a Sol Gabetta