Radioen

On air

Notturno  |  Olivia Kaplan - In Pieces

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ Concert Euroradio: Oper

Concert Euroradio: Oper

Orlando Palladino E Live-Matschnëtt vum schwedesche Radio de 5. August 2012 am Court Theatre vun Drottingholm a Schweden vun der Oper Orlando Palladino vum Joseph Haydn.Orlando Paladino oder der Ritter Roland ass en Drama eroi-comico, also eng heroesch-komesch Oper an 3 Akten, déi de 6. Dezember 1782 am Schlass Esterhazy uropgefouert gouf.Orlando: Rickard Soderberg, Tenor                Angelica: Kirsten Blaise, SopranMedoro: Magnus Staveland, Tenor                  Rodomonte: Pietro Spagnoli, BaritonEurilla: Ditte H Andersen, Sopran                   Pasquale: Daniel Ralphsson, TenorAlcina: Tuva Semmingsen, Mezzosopran     Licone/Caronte: Lars Johansson Brissman, BaritonDrottningholm Court Theatre Orchestra      Mark Tatlow, Direktioun. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.(Rediff. donneschdes, 20:00)15:59 Meteo

Episoden

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival

E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.

Colin Pütz: en Numm, deen ee sech mierke sollt

Dee 17-järege Pianist spillt den 21. Pianosconcerto vum Mozart, zesumme mam George Enescu Philharmonic Orchestra.

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Den Éisträicher Operesänger Liviu Holender sengt Musek vum Gustav Mahler.

Schubert a Schumann

SWR Symphonieorchester, Giovanni Antonin a Sol Gabetta