Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek Aktuell

Episoden

Impossible Return - Nei Single vun Irina

Impossible Return - Nei Single vun Irina

E Song iwwer d'Onbeschwéiertheet vun der Kandheet. En Zoustand, deen d'Sängerin och op der Bün erëmfënnt.

Spaghetti on Repeat - Nei Single vu C'est Karma

Eng als Ode un d'Nuddel verkleete Kapitalismuskritik.

Spaghetti on Repeat - Nei Single vu C'est Karma

Eng als Ode un d'Nuddel verkleete Kapitalismuskritik.

TUYS - Eng Single an eng Tour maachen d'Bréck bis bei déi nei Plack

TUYS sinn zeréck mat hirer neier Single "Muddy Beach", ee Song iwwer eng imaginär Plaz, wou jiddwereen d'selwecht denkt. Eng Satir op Filterblosen an de soziale Medien.

New Order spillen Homecoming Gig zu Manchester

D'Band huet mat Songs wéi "Blue Monday" oder "True Faith" Museksgeschicht geschriwwen. E Freideg hu si zu Manchester viru 25.000 Leit am Heaton Park gespillt.

Pawel Baszczak - Komponist vun "The Ascent"-Soundtrack

Dee polnesche Komponist ass e Kand vun den 80er. Synthesizeren a Cyberpunk si seng Welt. Hien huet dee perfekte Soundtrack fir en dystopescht Videospill geschriwwen.

Keng Männerwelt: "This is a humans' world" an der Schungfabrik

Ee Festival fir all Geschlechter am Zeeche vun der Feminitéit - mat Musek, Theater, Moud a méi, den nächste Samschdeg 12. September zu Téiteng.

Claire Laffut - Bleu

Der belscher Sängerin hiren Debut geet vun Indie bis op Dance-Pop, mat Perkussiounselementer a kloer feministeschen Aussoen

On My Mind vun Drife

D'Debut EP vum Britrock Sextett vu Furen iwwerzeegt mat intensivem Opbau a positive Gedanken

Minimalistesch Eleganz ouni Pathos

Dee neien Album "No Sun" vum Nite Jewel ass ënnert anerem d'Resultat vun enger Recherche iwwer Stereotypen an Traditiounen. E stellt awer och d'Ausernanersetzung vun der Kënschtlerin mam eeg

"Refuge" vum Devendra Banhart an Noah Georgeson

Mam Album zelebréieren déi zwee Museker d'New Age Musek aus hirer Kandheet. Eng nei Säit vum Indiefolk-Duo, déi Loscht op méi mécht.

School Of Zuversicht - "An allem ist zu zweifeln"

Deen däitsche Kollektiv huet zéng Joer nom Debutalbum eng nei Plack mam aussokräftegen Titel erausbruecht. De Projet ass dem Genre Diskurs-Pop zouzerechnen.

Tun Biever

E Gespréich iwwer de Kollektiv Two Steps Twice an e Lëtzebuerger Rap Battle dëse Weekend

Sheebaba op de Congés Annulés

Mat enger neier Single "violet" ënner dem Aarm ass de Lëtzebuerger Dark Wave Duo prett fir säi performativen Optrëtt an de Rotonden.

Aralunaires 2021

Den Areler Museksfestival gouf vun 2020 op dëse September verluecht a proposéiert eng divers an héichwäerteg Programmatioun.

Nei Single vun Chasey Negro: Work

Dee jonke Samuel Fell ass ee vun deene villverspriechendsten Nowuesstalenter am Land, wann et ëm Rap geet. Seng Selektioun beim Screaming Fields Festival ënnersträicht dat.
International Music: "Es ist immer ernst. Aber nicht nur."

International Music: "Es ist immer ernst. Aber nicht nur."

Mat Humor a schéin holpreger Interpretatioun fléien déi dräi vun der Tankstell um Album "Ententraum" aus hirem Ruhrpott eraus. Den Optrëtt an de Rotonden versprécht amusant ze ginn.
headphones

8 min

play_arrow

Anika - Change

D'Fans vun der Düsterpop-Kënschtlerin Anika hu sech laang misse gedëllegen, mee mat "Change" presentéiert si elo hiren zweeten Album.
headphones

9 min

play_arrow

Maya Likembe - Ardent Traveller

D'Mary-Ann Meiers ass scho laang eng wichteg Stëmm an der World Music zu Lëtzebuerg, wou de Metissage vu Stiler hir ganz perséinlech Rees als Musekerin dokumentéiert.

Francis of Delirium. Mat klengem Orchester

Der Jana Bahrich hir intim Grunge Emo Stécker kréien de Weekend geschmeideg harmonesch Ënnerstëtzung.