arrow_back_ios
Musek Aktuell
Minimalistesch Eleganz ouni Pathos
Op hirer neier Plack "No Sun" verschafft déi kalifornesch Kënschtlerin Nite Jewel d'Trennung vun hirem Mann, andeems si sech mat der Tradition vun de Kloëlidder auserneesetzt. Wéi bei engem kathartesche Ritual lamentéiert si vun hirem Leed, ganz am Zeeche vun de grousse Pop-Diven aus de 90er. Ni awer verfällt si dem Pathos oder ofgedroschene Phrasen.
Musek