Musek Aktuell
School Of Zuversicht - "An allem ist zu zweifeln"
Deen däitsche Kollektiv huet zéng Joer nom Debutalbum eng nei Plack mat dësem aussokräftegen Titel erausbruecht. Vill illuster Leit hunn un dësem Projet matgeschafft, dee sech dem Genre Diskurs-Pop zourechne léisst.
Déi zweet Plack vu School Of Zuversicht ass eng indirekt Opfuerderung zu absolutter Skepsis. Hanner dem Museker- a Produzente-Kollektiv stiechen eng ganz Rei illuster Gestalten aus der sougenannter Hamburger Schule. A gewësser Hisiicht kann een also vun enger Zort Supergroup schwätzen.
D'Vicky Stoll mat enger Album Bespriechung