arrow_back_ios
Musek Aktuell
Sheebaba op de Congés Annulés
Sheebaba - dat sinn de Julien Hübsch an d'Nina Bodry, déi ee vläicht vun der Band Choppy Bumpy Peaches kennt. Déi zwee exploréieren an hirem gemeinsame Projet allerdéngs net Psychedelik, mee éischter Dark Wave an Art-Rock Tonalitéiten.
Haut den Owend (23.8.) spillt Sheebaba op de Congés Annulés an de Rotonden. Den Jamie Reinert huet sech e Freideg no hirer Prouf mat hinnen iwwer hir nei Single "violet" ënnerhalen.
Musek