An der Ukrain gouf de Moien a sämtleche Regioune vum Land de Loftalarm ausgeléist. Op d‘Mannst véier Mënsche sinn den Autoritéiten no bei de Bombardementer ëm d‘Liewe komm. Virun allem zivil Infrastrukture wéi Gas-a Wasserleitunge wiere getraff ginn.
Och zu Kiew ware staark Detonatiounen ze héieren, d‘Stroumversuergung gouf an der ukrainescher Haaptstad zum Deel ënnerbrach, 250.000 Mënschen hunn do aktuell keen Elektresch.