Fir de grousse Mediespektakel haut goufen iwwer eng Millioun Froen ageschéckt, d‘Televisiounsemissioun mat Journaliste gëtt an der Mëttesstonn lokaler Zäit gesent. Onofhängege Soziologen no wieren a Russland virun allem Froe wéi Aarmut an Ofsécherung en Thema.
Ëmmer méi géif och no engem Enn vum Krich gefrot ginn. Kritiker werfen dem Putin vir sech virun de Presidentschaftswahlen de 17. Mäerz nach eemol an Zeen ze setzen.