Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christian Hahn gëtt neie President vun der Landwirtschaftskammer

Landwirtschaftskammer

Christian Hahn gëtt neie President vun der Landwirtschaftskammer

An der Landwirtschaftskammer gëtt et ee grousse Wiessel un der Spëtzt. De Christian Hahn vun der Lëscht „Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft” gëtt fir déi nächst 5 Joer President. Hie konnt sech an der Réunion constituante, ënnert dem Virsëtz vun der Agrarministerin Martine Hansen, duerchsetzen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Vlnr.: Conny van de Sluis, Jean-Paul Vosman, Christian Hahn, Nora Feyder, Paul Funck (Foto: Carole Schimmer)

De Guy Feyder vun der Bauerenzentral a seng Lëscht kruten zwar déi meeschte Stëmme bei der Wal vun der Landwirtschaftskammer, mee net genuch fir eng absolut Majoritéit vun de Mandater ze erreechen.

Christian Hahn: Zesummen un engem Strang zéien

An de leschten Deeg ware sech d’Gewielte vun deenen zwou anere Lëschten driwwer eens gi fir de Christian Hahn als President ze wielen. Doropshin hat de Guy Feyder, President vu bis elo, seng Kandidatur fir de Comité zréckgezunn.

Trotzdeem soll een zesummen un engem Strang zéien, betount den neie President Christian Hahn.

Dat war och de Wëlle vun der Baueregewerkschaft „Zesumme méi staark“, déi d’Kandidatur vum Christian Hahn mat ënnerstëtzt hat. „Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft“ an d’Lëscht „zesumme méi staark“ hate genuch Stëmmen zesumme fir d’Wal vum Comité ze bestëmmen.

"Méi no un de Bauer"

Vize-President vun der Landwirtschaftskammer gëtt de Paul Funck vun de Wënzer. Member vum Comité sinn d’Nora Feyder, vun der Bauerenzentral an de Jean-Paul Vosman vun „Zesumme méi staark“. Kooptéiert ass de Conny van de Sluis deen d’Gäertner vertrëtt.

Et war deem neie President och wichteg datt d’Landwirtschaftskammer méi no bei de Bauer kënnt.

„Méi no un de Bauer heescht, datt ee Kommissiounen oder Aarbechtsgruppe mécht, wou een d'Leit mat ranhëlt. Deen, dee sech wëll engagéieren, muss sech kënne matengagéieren, datt een an den Decisiounen, déi een hëlt, dee breet méiglechste Konsens huet. An, do muss een eeben da Kompromësser fannen. Den Text gëtt héchstens méi staark, wat méi Leit wäerten dru matschaffen.“

Guy Feyder traureg mee net iwwerrascht

De Guy Feyder, President vun der Landwirtschaftskammer vu bis elo, war nom Vott e wéineg traureg, mee et hätt een a Virgespréicher scho gespuert, datt dat esou géing kommen.

„Mir hunn also probéiert erauszefannen, wat ass eng Basisbefindlechkeet vun der Ronn, déi gewielt ginn ass, fir datt een erkennt, jo, wat sinn d'Zeeche vun der Zäit. An ech mengen, et huet sech relativ séier erausgeschielt, datt eng staark Demande do ass, fir eng Verjéngung vun de Reien, virzehuelen. Et huet een iwwregens an de Walresultater eppes Änleches konnte feststellen.“

Alles an Allem wäert et mat där neier Zesummesetzung dozou kommen, datt eng nei Generatioun un d’Rudder kënnt. De Wëllen zesummenzeschaffen ass jiddefalls do.

Lauschterenplay_arrow