Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Ried zur Aussepolitik: Aus "Lët'z make it happen" gëtt "Team Lëtzebuerg"

Chamber

Ried zur Aussepolitik: Aus "Lët'z make it happen" gëtt "Team Lëtzebuerg"

De Krich an der Ukrain, d’Walvictoire vum Donald Trump an den USA, d’Situatioun am Gaza-Krich, d’Relatioune mat China an d’Erausfuederunge vun der EU. Dat waren déi grouss Themen an der Ried zur Aussepolitik um Méindeg an der Chamber, vum Ausseminister Xavier Bettel.

auto_stories

3 min

© Chambre des Députés
Foto: Chambre des Deputés

Donieft huet awer och d‘Promotioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie op internationalem Plang vill Plaz an der Ried ageholl. Bal en Drëttel vu der Ried huet der Ekonomie gehéiert an der Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir auslännesch Investisseuren. Respektiv der Promotioun vu Lëtzebuerger Aktivitéiten am Ausland.

Dofir gëtt elo aus "Lët'z make it happen" den "Team Lëtzebuerg". D'Promotioun wier een Team-Effort, seet de Xavier Bettel.

"Ech sinn dofir och ganz frou, enk mam Palais, mam Premier, mam Wirtschaftsminister, mam Finanzminister, mat der Digitalisatiounsminister a mat anere Regierungskolleegen zesummen ze schaffen, wann et drëms geet, onst Land als Team Lëtzebuerg am Ausland och ze promouvéieren."

De Succès vu Lëtzebuerg géif dem Vizepremier no, doru leien, datt et een oppent an exportorientéiert Land wier. Am Interêt vun den auslänneschen Entreprisen, misst ee sech deemno méi no bausse weisen. 

Wal vum Trump eng Geleeënheet fir d'EU

Aussepolitesch wier et en turbulent Joer gewiescht. Vläicht wier d’Wal vum Präsident Trump och eng Geleeënheet fir d'EU, fir sech nees méi bewosst ze ginn, datt d‘Unitéit "eis gréisste Stäerkt ass".

Och e Land wéi d'USA misst sech un internationaalt Recht halen a wier op Partnerstaaten ugewisen. America first dierft net America alone heeschen.

Ukrain: Et dierf keen ongerechte Fridden iwwert de Knéi gebrach ginn

Wat de krich an der Ukrain ugeet géif ee weider ferm hannert der Ukrain stoen. Hei géif och déi europäesch Zukunft um Spill stoen. D'Verhandlunge missten zu engem dauerhafte Fridde féieren, an deem Russland d‘Souveränitéit vun der Ukrain unerkennt.

"All Konflikt muss schlussendlech um Verhandlungsdësch geléist ginn, mee d'Ukrain dierf net forcéiert ginn, sech un den Dësch ze sëtzen, an deem ongerechte Fridde soll iwwert de Knéi gebrach ginn."

Ambassade zu Tel Aviv: Ech wëll net ausgesinn, wéi wann ech den haitege Premier belounen

Lëtzebuerg wier e staarke Partner vun Israel, mee de Krich géint d'palästinensescht Vollek, dat enorm leit, misst ophalen. Lëtzebuerg géif sech bei all Geleeënheet fir eng Zweestaateléisung asetzen.

Wat déi Lëtzebuerger Pläng vun enger Ambassade zu Tel Avi ugeet, seet de Xavier Bettel, datt dat als Belounung fir dem Benjamin Netanjahu seng Politik a säi Krich kéint ausgeluecht ginn.

"Ech wëll net ausgesinn, wéi wann ech dem haitege Premier, virun allem seng riets extrem Regierungsmembere géif belounen. Esou eng Ambassade géif ons och erlaben e Büro zu Ramallah opzemaachen, fir méi effikass bilateral um Terrain ze hëllefen."

Dës "solutioun à la luxembourgoise" misst awer waarden, bis d'Situatioun et erlaabt. 

Grenzkontrollen am Schengenraum musse verschwannen

Hie géif net fäerten och bei schwierege Partner Konfliktfroen unzeschwätzen, sou de Xavier Bettel. Dat dierft net vun uewen erof geschéien. An dem Kontext dierft ee China och net an d‘Äerm vu Russland dreiwen.

Europapolitesch lueft de Xavier Bettel déi politesch Zieler vun der neier Kommissioun ausdrécklech. wat Grenzkontrollen am Schengenraum wéi se aktuell oflafe missen awer sou séier wéi méiglech nees verschwannen.