Am Europaparlement huet eng riets-konservativ Majoritéit fir eng Verschäerfung vun der Asylpolitik gestëmmt a gréng Luucht ginn, fir ee Gesetzestext, deen ënner anerem d’Opriichte vun sou genannten “Return hubs” méiglech mécht.
An esou Zentere baussent der EU sollen Asyldemandeuren, déi refuséiert goufen, ënnerbruecht ginn, fir se vun do aus an hir Heemechtslänner zeréckzeféieren.
Kompromësstext zesumme mat riets-extreemen EU-Deputéiert vun der däitscher AfD ausgeschafft
Am Virfeld war ee Vott iwwer dee Gesetzestext an der parlamentarescher Kommissioun am Parlament an d’Kritik geroden, well opgedeckt gouf, datt déi stäerkste Fraktioun am Parlament, d’Europäesch Vollekspartei, zesumme mat rietsextreeme Gruppen un engem Kompromësstext geschafft hat.
Beim Vott haut an der Plenière hunn 389 Europadeputéiert fir deen Text gestëmmt, 206 waren dergéint.
Isabelle Wiseler-Lima a Martine Kemp stëmmen dergéint
Déi zwou EU-Deputéiert vun der CSV, déi Member an der EVP sinn, hunn dogéint gestëmmt.
Den Text géif sech op d’Extreme Droite stëtzen, an eng Zesummenaarbecht mat deene Parteie wier fir si eng rout Linn, sou déi zwou Europadeputéiert an enger gemeinsamer Deklaratioun.
Och d’Tilly Metz vun déi gréng an de Charel Goerens vun der DP hu mat Nee gestëmmt.
De Marc Angel war beim Vott net derbäi, well hien d’Parlamentspresidentin op enger Missioun ersetzt.
Dofir huet ënnert de Lëtzebuerger EU-Deputéiert just de Fernand Kartheiser vun der ADR gestëmmt.