Op der Lëtzebuerger Ambassade bei der EU, wou hie viru 14 Joer selwer Stagiaire war, huet de Lëtzebuerger Staatschef de Lëtzebuerger, déi bei den EU-Institutiounen zu Bréissel schaffen, Merci gesot fir hiren Asaz am "europäesche Moteur".
Prinzippie vun Europa dierf een net aus den Ae verléieren
D’Europäesch Unioun géing den Ament souwuel vu bannen ewéi vu baussen op d’Prouf gestallt ginn, esou de Grand-Duc. Hie wier fest dovun iwwerzeegt, datt een déi Prinzippien net aus den Aen dierf verléieren, déi Europa seng "Visioun a Glafwierdegkeet op der Weltbün ginn.“
"Dat si keng Reliquien aus der Vergaangenheet, mee d'Fundamenter, déi eis zu deem gemaach hunn, wat mir sinn. E Kompass, deen eis erméiglecht, duerch eng onsécher Zukunft ze navigéieren."
Xavier Bettel schwätzt vu Vertrauensbroch wéinst Spionageverdacht vun Ungarn
Den Ausseminister Xavier Bettel, deen de Grand Duc op senger Visitt begleet, huet drun erënnert, datt Europa op Vertrauen opgebaut ass. Zu der rezenter Nouvelle iwwer ee méigleche Verdacht géint säin ungareschen Homolog, deen Informatiounen u Russland viruginn hätt, huet hie vun engem Vertrauensbroch geschwat. Et wier schlëmm, wann ee souguer intern net méi kann diskutéieren.
"Europa ass opgebaut ginn op Vertrauen, op Respekt, op Versteesdemech, op net ëmmer eens sinn, mee op d'mannst debattéieren an net op Waffe goen, an net dem Feind d'Waffen ze ginn."
Haut um zweeten Dag gëtt de Grand-Duc vum Generalsekretär vun der NATO, dem Mark Rutte empfaangen.