Nieft dem Online-Dialog gehéieren zu dëser Phas och dräi Ronne mat Experten. Dobäi soll et ënner anerem ëm déi finanziell Ofsécherung vum System goen. D’Datumer fir d’Experteronne sinn den 21. Mäerz, de 4. Abrëll an de 24. Abrëll. Bei all Ronn mat dobäi si Vertrieder:inne vun de Gewerkschaften, vum Patronat, vun der Politik a vun deene Jonken.
Méi interaktiv, wéi déi éischt Phas
D’Theme vun dëser Dialogphas baséieren op de Resultater vun der éischter Phas, bei där d’Bierger:innen iwwer 2.000 Bäiträg agereecht haten. Nieft der Nohaltegkeet vum Rentesystem soll et an der zweeter Phas och ëm d’Gerechtegkeet an ëm d’Upassungsfäegkeet vum System goen.
"Hei kënnen elo nach eng Kéier verstäerkt Leit, déi villäicht an där éischter Phas net matgemaach hunn, matmaachen an deem si deen een och anere Bäitrag like ginn, soe si wieren éischter averstanen, oder si wieren éischter net averstanen."
Iwwerdeems soll een och säin eegene Bäitrag zu eenzele Sujete kënne ginn, op deen da rëm aner Leit reagéiere kënnen. Domat wier déi zweet Phas méi interaktiv, wéi déi éischt, ënnersträicht d‘Martine Deprez.
Dräi Experteronnen
D’Auswäertung vum Online-Dialog soll mat an d’Experteronnen afléissen, déi den 21. Mäerz, de 4. Abrëll an de 24. Abrëll organiséiert ginn. Do wier bei all Ronn dee selwechte Grupp mat dobäi.
"Dat wäerte politesch Responsabeler sinn: Do sinn d’Parteien ugeschriwwe ginn, eis zwee Leit ze nennen. Dann d’Syndikater, d’Patronen, am Sënn vum Sozialdialog a virun allem déi Jonk."
Dozou gehéieren de Jugendrot an den Daachverband vun de Studentecercelen ACEL. Bei der Ronn iwwert d’Ofsécherung vum System soll zousätzlech ënner anerem de Mouvement Ecologique mat dobäi sinn.
Méi laangfristeg finanzéierbar, manner ofhängeg vu Wuesstem
D’Zil vum ganze Prozess soll sinn, datt de System laangfristeg finanzéierbar soll sinn a manner ofhängeg vu permanentem Wuesstem, esou d’Sozialministerin Martine Deprez
Eng Chamberdebatt zum Thema huet d’Ministerin fir den 19. Mäerz ugefrot. No der zweeter Consultatiounsphas missten déi politesch Responsabel dann hir Verantwortung iwwerhuelen, esou nach d’Martine Deprez.