Beim Kaf vu kugelséchere Gilete fir d‘Arméi hätten déi zwee méi wéi sechs Milliounen Euro ënnerschloen, esou den Anti-Korruptiounsbüro vun der ukrainescher Regierung.
Bei den zwee Verdächtegen handelt et sech ëm e fréiere Vize-Minister vun der Defense, dee fir d‘Logistik responsabel war, an de Chef vum Regierungsdepartement fir d‘Liwwerung vun Equipementer un d‘Arméi.