Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee nei Mësstrauensvotten an der franséischer Assemblée Nationale

Budget a Frankräich

Zwee nei Mësstrauensvotten an der franséischer Assemblée Nationale

An der franséischer Assemblée Nationale kënnt et haut um Mëttwoch zu zwee Mësstrauensvotte géint d'Regierung. Bis Enn der Woch kéinten der nach e puer dobäikommen. Trotzdeem muss de Premier François Bayrou net ëm säin Amt fäerten. Besonnesch wéinst de Sozialisten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De François Bayrou an der franséischer Assemblée Nationale. | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto play_arrow
De François Bayrou an der franséischer Assemblée Nationale. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Zweemol schonn huet de Premier François Bayrou beim Budget vum ominéisen Artikel 49.3 Gebrauch gemaach mat der Konsequenz, datt d'Lénkspartei La France Insoumise och zwee Mësstrauensvotten agereecht huet, iwwer déi haut um Mëttwoch decidéiert gëtt.

Op d'Stëmme vun de Kommunisten an den Ekologiste ka sech LFI verloossen, mee et bréicht och nach déi vun de Sozialisten an dem rietsextreemen RN. Béid Parteie wäerten awer wuel op eng Censure verzichten. D'Sozialisten haten dat schonn um Méindeg annoncéiert. Et misst een elo fir Stabilitéit suergen an dofir bréicht et ee Budget. De Parteichef Olivier Faure war gëschter um Dënschdeg Invité bei France Inter an huet ugekënnegt, datt een awer och selwer nach e Mësstrauensvott wéilt abréngen. Et wier ee fir de Budget, awer géint d'Regierung.

"Eng couragéis Haltung"

Beim RN wäert een haut decidéieren, ob ee matstëmmt, mee am Virfeld deit villes dorop hin, datt een dës Kéier net fir d'Ofsetzung vun der Regierung votéiert. De Parteichef Jordan Bardella sot bei CNews: An der momentaner Onsécherheet bréicht et net nach méi Instabilitéit. Dat kéint gravéierend wirtschaftlech Konsequenzen hunn.

Bei der Regierung ass een iwwerdeems frou iwwer d'Decisioun vun de Sozialisten. Den Inneminister Gérald Darmanin sot, et wier eng couragéis Haltung. De President Emmanuel Macron huet sech selwer felicitéiert, datt et der Regierung gelongen ass e Budget duerchzebréngen.

Lauschterenplay_arrow