arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Mannerjäreger sëtzen am Erwuesseneprisong zu Schraasseg

wéinst déifstall

|
headphones

1 min

Zwee Mannerjäreger sëtzen am Erwuesseneprisong zu Schraasseg

Zwee Mannerjäreger sëtzen am Moment am Prisong zu Schraasseg. Wéi de Parquet haut matgedeelt huet, goufen déi zwou Persoune gëschter um Mëttwoch, no engem Vol vun engem Portmonni am Tram, festgeholl.

headphones

1 min

Vue vu baussen op ee vun den Häff vum Detentiounsberäich | © Sophie Schroeder
Vue vu baussen op ee vun den Häff vum Detentiounsberäich (Foto: Sophie Schroeder)

Wéinst der Gravitéit vun de Faiten - a well keng Plaz méi am Centre socio-educatif zu Dräibuer fräi ass - goufen déi zwee Mannerjäreg op Schraasseg bruecht.

De Parquet rappeléiert an deem Kontext, datt et am Moment vill Meldunge vun Täschendéif am Tram a ronderëm de Chrëschtmaart ginn. D‘Police wier hei och aktiv an der Preventioun am Asaz.

Falsch Idenditéiten uginn

Wärend dem Verhéier hätten déi zwee Mannerjäreg och falsch Identitéiten uginn. Hir richteg Identitéiten hätten eréischt an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Autoritéite kënne confirméiert ginn.