arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Leit am Kader vu Luxtrust-Bedruchsmasch festgeholl

Police deelt mat

|
headphones

1 min

Zwee Leit am Kader vu Luxtrust-Bedruchsmasch festgeholl

D‘Police mellt, datt zwee presuméiert "money mules" vun der Luxtrust-Bedruchsmasch konnte gepëtzt ginn. Béid kréie Blanchiment virgehäit.

headphones

1 min

© Luxtrust
(Foto: Luxtrust)

Si sollen hir Bankkonten a Visa-Kaarten bereet gestallt hunn, fir datt d‘Déif déi geklaute Suen ophiewe konnten. De Schued beleeft sech op 20.000, respektiv op ronn 31.000 Euro, esou nach d‘Police.