arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Fäll vu Vullegripp

ALVA

|
headphones

2 min

Zwee Fäll vu Vullegripp

Wa jiddereen e bëssen oppasse géif, da géif een dës Well vun der Vullegripp och gutt iwwerstoen. Dat sot de Bauer Tom Jungblut de Moien am 100,7-Interview am Kontext vun der Vullegripp, déi gëschter um Mëttwoch bei zwee Krukerten, déi um Houwald an zu Rëmeleng fonnt gi waren, diagnostizéiert gouf.

headphones

2 min

Vullegripp (Symbolbild) | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Vullegripp (Symbolbild) (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

D’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA hat doropshin de Gefligel-Besëtzer Mesuren un d’Häerz geluecht, fir hir Déieren ze schützen.

Keng grouss Suerg

Iwwerdeems virun allem am Norde vun Däitschland Honnertdausenden Hinger wéinst dem Virus musse geschluecht ginn, mécht sech de Gerant vun der “Lëtzebuerger Poulet sàrl” keng allze grouss Suergen. Dat, well déi professionell Gefligelbesëtzer dat ganzt Joer iwwer déi entspriechend Mesuren anhale géifen, esou den Tom Jungblut. 

"Sief dat Visitte vun de Ställ vu Leit, déi friem sinn um Haff, sief dat den Nettoyage an d'Desinfizéiere vun de Ställ a vun den Ausleef."

Nawell géif ee sech ëmmer Suerge maache bei engem Cas de force majeure.

"Wann duerch eng Kontaminatioun croisée mat engem wëllen Déier dat op de Betrib kënnt. Ech denken awer, datt mer an der Branche serieux genuch sinn, fir déi Mesurë vun der ALVA ze respektéieren."

Appell u privat Gefligel-Besëtzer

Vum professionelle Gefligelbesëtzer geet dann och en Appell un déi privat.

"Och de klenge Gäertner, dee 5 Hinger huet oder 5 Wachtelen doheem am Gaart lafen huet, alles gutt an alles tipptopp, mee och déi Leit musse sech hirer Verantwortung bewosst sinn. Well wann déi Hinger contaminéiert sinn an déi sinn an onmëttelbarer Distanz zu engem professionelle Gefligelhalter, dann ass de Risiko, datt d'Krankheet esou virunzitt an de Bauer e gewëssene Schued oder e grousse Schued erleit, zimmlech grouss."

De Gérant vun der “Lëtzebuerger Poulet sàrl” betount awer och, datt Lëtzebuerg déi héchst Liewensmëttelsécherheet an Europa hätt.

"Hei zu Lëtzebuerg brauch de Konsument sech wierklech keng Suergen ze maachen. Wann e regional keeft, dann huet e ganz sécher Qualitéit a Sécherheet um Teller."

Den Tom Jungblut ass och e bëssen optimistesch, datt de schlëmmste Fall net antrëtt, well et am Grand-Duché keng Massendéierenhaltung gëtt. Dofir wär dann och de Risiko manner grouss, datt d’Vullegripp, esou wéi am Ausland, vun engem grousse Betrib op deen aneren iwwerspréngt.

Fir de Mënsch gëllt d’Vullegripp iwwregens als ongeféierlech.