Den Dokter Félix Wildschutz, Direkter vun der Veterinär- a Liewesmëttelverwaltung ALVA, erkläert, datt een d'lescht Joer och scho mat esou Fäll an der Géigend vu Beetebuerg konfrontéiert war. Deemools hätt ee genee de selwechte Wierkstoff fonnt, esou de Félix Wildschutz.
"Sou, datt mer effektiv dovun ausginn, datt dat Rate-Mais-Gëft do ausgeluecht ginn ass, eventuell souguer vun där selwechter Persoun. Also mir ginn éischter dovun aus, datt dat hei elo wierklech en Déngen ass fir, also wierklech en Delikt ass, fir eventuell gewëssen, ob elo Raten oder Mais oder fir aner Déiere lasszeginn."
Stécht kriminell Energie dohannert?
De Félix Wildschutz mengt, et kéint sech duerchaus ëm kriminell Energie handelen. Elo wier och eng Enquête ageleet ginn, fir erauszefannen vu wou dat Gëft kënnt.
Eng Dose Wëllvigel fonnt
Eng Dose Wëllvigel wieren am Laboratoire ukomm. Déi géifen elo ënnersicht ginn.
"Et ass eis och gesot ginn, dass Leit, déi do am Park zirkuléiert sinn, och nach Wëllvigel gesinn hunn, mee déi warscheinlech dann och vun aner Déieren ewechgeholl gi sinn, oder an de Fuuss oder esou der ëmmer gerass, soudass awer scho méi Déieren do gestuerwe sinn. Mir hunn och elo dann, amgaangen aus der Woch, gemellt kritt vun engem doudege Fuuss, och do an der Géigend, an engem Gaart."
Och dee Fuuss hätt een elo an de Laboratoire bruecht, fir eraus ze fannen, op et sech ëm dat selwecht Gëft handelt, erkläert de Félix Wildschutz.
Dat kann natierlech och eng Krankheet sinn oder sou, mee fir awer ze kucken. Mee do schéngt awer schonn e bësse méi eng massiv Verbreedung vun deem Gëft ze sinn an där Géigend.
Ass et fir Muppe geféierlech?
Jo, seet de Félix Wildschutz. Souwuel fir Hausdéieren, wéi och fir Mënschen kann d'Gëft geféierlech ginn.
"Et ass e Gëft, wat am Fong op d'Temperatur wierkt vum Déier oder vum Mënsch. Dat heescht, et gëtt eng Ënnerkillung an doduerch wann dann, bon, en plus déi Déieren hei baussen, bei de kalen Temperature stierwen déi Déieren natierlech ganz séier."
Vum Félix Wildschutz ass et och nach den Appell, datt Leit, déi am oder ronderëm den Zéissenger Park Déiere-Kadavere leie gesinn, déi bei der Veterinär-Verwaltung oder beim Veterinär-Labo mellen.