Radioen

On air

9 bis 1  |  Plomm Kannermusée

play_arrow Live
search

/ Zwee Doudeger bei Lawin am Ötztal

Zwou weider Persoune ginn nach vermësst

Zwee Doudeger bei Lawin am Ötztal

Bei enger Lawin an Éisträich am Ötztal sinn zwee Mënschen ëm d‘Liewe komm, zwou weider Persoune ginn nach vermësst. Dat hunn d‘Bierg-Rettungsekippen zu Sölden matgedeelt.

auto_stories

1 min

Ötztal | © picture alliance / imageBROKER | Johannes Pfatschbacher
Ötztal (Foto: picture alliance / imageBROKER | Johannes Pfatschbacher)

Bei den Affer handelt et sech ëm eng Grupp vu Schi-Touristen. An de leschten Deeg war am Tirol rëm vill Schnéi gefall. Fir d‘Affer ze biergen, hu fir d‘éischt misste Schnéimassen un engem Hang ewechgesprengt ginn.