arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Deeg no déidleche Schëss zu Nantes: Inneminister reest op d‘Plaz

Frankräich weider ënner Schock

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zwee Deeg no déidleche Schëss zu Nantes: Inneminister reest op d‘Plaz

Den Inneminister Laurent Nunez war e Freideg op der Plaz a sot et misst een de Krich géint d’Drogekriminalitéit gewannen. Iwwerdeems fuerderen d’Bewunner vum betraffene Quartier Léisunge fir e Probleem, dee sech zënter Joren ausbreet.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Laurent Nunez | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
Laurent Nunez (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

„Wéi en Donnerwieder“ esou beschreiwe Bewunner vum Quartier Port Boyer am Norde vun Nantes d’Zeenen, déi sech hei um Donneschdeg ofgespillt hunn. Zwee Männer hu mat engem Maschinnegewier op dräi Jonker geschoss, déi sech virun engem Haus opgehalen hunn.

Schëss op 3 Jugendlecher

Ee Jong vu 15 Joer ass dobäi nach op der Plaz gestuerwen, een 13 an e 14-Järege koumen uerg blesséiert an d’Klinik. Den éischten Ermëttlungen no, déit alles op eng geplangten Attack am Kontext vun Drogenhandel hin. Den Tatort wier ee bekannte Punkt fir Dealer. Den Inneminister Laurent Nunez sot awer, et wier nach net kloer, datt déi dräi Affer och Liene mam Drogenhandel hätten.

Klima vu Gewalt

D’Bewunner vum Quartier liewen no den déidleche Schëss an Angscht. An de franséische Medie  schwätzen si vun engem Klima vun der Gewalt, et géif ee sech net méi op d’Strooss trauen an dat och scho virun der Attack vum Donneschdeg.

Lescht Woch gouf et am Quartier eng weider Schéisserei bei där e Jonke blesséiert gouf. Enn Abrëll gouf et och schonn en Doudesaffer wéinst enger Schéisserei, déi mam Drogenhandel zesummenhoung. Eleng d’lescht Joer goufen et an der Stad iwwer 50 Schéissereien.

Policerekrutementer gi verstäerkt

D’Bewunner fillen sech eleng gelooss, den Inneminister wëllt elo konsequent duerchgräife fir de Krich géint d’Gewalt ze gewannen.

700 weider Polizist:inne sollen zu Nantes rekrutéiert ginn. 300 vun hinne mat engem Fokus op Bandekriminalitéit.

E Méindeg wäert och e Gesetzesprojet presentéiert ginn, deen dem Staat méi Spillraum bei der Lutte géint Drogekriminalitéit soll ginn - zum Beispill duerch eng erweidert Videoiwwerwaachung.

play_arrow Lauschteren