D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO hätt bis ewell keng Reesaschränkungen ausgeschwat, well den Eenzelnen, deen a Südamerika reest, sech keng Suerge misst maachen, esou de Claude Müller. Déi Variant, ëm déi et sech um Croisièresschëff Hondius handelt, ass nämlech virop an der Südspëtzt vum südamerikanesche Kontinent ze fannen, virun allem an Chile an a Paraguay.
Ma och an deene Länner wier de Risiko ganz geréng, esou de Claude Müller.
"De Virus ass wierklech net staark infektiéis. Wann een net iergendwelch Risikoaktivitéite mécht, besteet esouguer kee Risiko."
Besonnesch am Verglach mam Corona-Virus wier déi heite Variant vum Hantavirus ganz wéineg infektiéis. Esouguer tëschent Mënschen.
"Dat ass eppes komplett aneschters wéi beim Coronavirus."
Et bréicht ee sech keng Suergen ze maachen, esou nach de Claude Müller.
2 nei Fäll vun Infektiounen
A Frankräich an an den USA gouf de Virus confirméiert bei jeeweils enger Persoun.
Déi franséisch Gesondheetsministerin Stéphanie Rist sot gëschter Owend op France 2, et géif 24 Stonne laang dauere bis ee confirméiere kéint op dës Persoun mam Hantavirus infizéiert gouf.
Déi fënnef Fransousen, déi vum Schëff evakuéiert goufen, kommen an eng Quarantän a mussen duerno nach 42 Deeg laang Doheem an Isolatioun bleiwen, esou wéi d'WHO et recommandéiert.
Méi wéi 90 Touriste goufe gëschter vum Croisièresschëff op Teneriffa bruecht a vun do aus mat Fligere rapatriéiert. Dräi Passagéier si gestuerwen, bei zwee dovu gouf den Hantavirus confirméiert. Eng weider véier Passagéier goufen infizéiert.
17 US-amerikanesch Passagéier waren um Croisèresschëff. Ee vun hinne gouf elo positiv op den Hantavirus getest.
D‘Weltgesondheetsorganisatioun huet d‘Gefor vun enger Ausbreedung vum Virus als niddreg agestuuft. Dräi Passagéier si gestuerwen, bei zwou weidere gouf den Hantavirus confirméiert.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Virolog Claude Müller