arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Urgencë vum Pompidou-Spidol zu Paräis schloen Alarm wéinst Iwwerlaaschtung

Hëtztwell a Frankräich

|
reading time

1 min

D'Urgencë vum Pompidou-Spidol zu Paräis schloen Alarm wéinst Iwwerlaaschtung

Eent vun deene gréisste Spideeler zu Paräis schléit wéinst Iwwerlaaschtung Alarm. Duerch d'Hëtztwell, déi Frankräich massiv trëfft, wieren d'Urgencë komplett iwwerlaascht.

reading time

1 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Obwuel just 20 Betten zur Dispositioun stinn, hunn 53 Patiente missen opgeholl ginn. Ee groussen Deel dovu wieren eeler Leit a Mënschen ouni festen Daach iwwer dem Kapp, déi mat Iwwerhëtzungssymptomer an d'Urgencë komme géifen.