arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Lecornu wëll Energiekonzerner dozou brénge Spritpräisser ze plafonéieren

Frankräich

|
reading time

2 min

Frankräich: Lecornu wëll Energiekonzerner dozou brénge Spritpräisser ze plafonéieren

Déi franséisch Regierung kënnt haut mat de Spritdistributeuren zesumme fir iwwer eng Baisse vun de Präisser ze diskutéieren. De Premier Sébastien Lecornu hat gëschter e generéist Plafonéiere vun dëse gefuerdert. Iwwerdeems ginn d'Fuerderungen no enger Besteierung vun de Super-Profitter méi haart.

reading time

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Aktuell géif de gréisste franséischen Distributeur vu Sprit, TotalEnergies, de Bensinnspräis op 1,99 Euro de Liter plafonéieren. Beim Diesel sinn et 2,09  Euro de Liter. Déi franséisch Regierung wëllt awer haut, an enger Reunioun mat den Distributeuren, probéieren dëse Präis nach e bëssen no ënnen ze drécken. 

TotalEnergies: Profit ëm 51 Prozent eropgaangen

De franséische Premierminister Sébastien Lecornu sot an der Tribune Dimanche, TotalEnergies sollt d'Spritpräisser méi generéis plafonéieren. Ëmsou méi, well de Konzern wéinst der Präisexplosioun säi Benefice immens steigere konnt. 

Am éischten Trimester 2026 ass hire Profit ëm 5,8 Milliarden Dollar geklommen. Dofir huet d’Gauche eng Gesetzespropos preparéiert, fir dës Superprofitter korrekt ze besteieren. Och de rietsextreemen RN ass esouguer net géint esou eng Iddi. Den RN fuerdert awer virun allem, datt de Staat d’TVA op de Spritpräisser reduzéiert, wéi et an Däitschland, Italien, Portugal, Spuenien an aneren europäesche Länner de Fall ass. 

Lecornu: Weider cibléiert Mesurë fir betraffe Branchen

Frankräich setzt awer wéinst der héijer Staatsverscholdung op méi cibléiert Mesuren. De Premier Lecornu sot et géing ee weiderhin "sur mesure" hëllefen an de betraffene Branchen, beispillsweis der Landwirtschaft oder dem Transport, esou ënner d'Äerm gräifen.

Déi aktuell staatlech Hëllefe géingen och zäitlech un d’Dauer vum Krich adaptéiert ginn, esou de nach de Premierminister.