arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst niddregem Rhäin: Penurie op den Tankstellen uechter Ostfrankräich

Frankräich

|
reading time

1 min

Wéinst niddregem Rhäin: Penurie op den Tankstellen uechter Ostfrankräich

Wéinst dem niddrege Peegel vum Rhäin kënne keng Schëffer méi an den Hafe vu Stroossbuerg fueren. Dowéinst gëtt et den Ament eng Penurie vu Bensinn op villen Tankstellen am Oste vu Frankräich.

reading time

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Am Haut-Rhin, bei Colmar, hätten tëschent 25 a 50 Prozent vun den Tankstelle kee Sprit méi oder et feelen hinnen eng Zort Bensin oder Diesel. Am meeschte betraff wieren d’Tankstelle vun TOTAL.

Wéinst der Situatioun dierfe Camionen trotz Feierdag an och Muer um Sonndeg a Frankräich fuere fir d’Bensinnsstatiounen ze beliwweren.