Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Cheffe vum mexikaneschen Drogekartell Sinaloa goufe verhaft

15 Milliounen Dollar Belounung fir d'Info

Zwee Cheffe vum mexikaneschen Drogekartell Sinaloa goufe verhaft

De Ismael "El Mayo" Zambada, ee vun de Grënner vu Kartell, wier an der amerikanescher Grenzstad El Paso festgeholl ginn, esou den amerikanesche Justizministère.

auto_stories

1 min

D'USA haten eng Belounung bis zu 15 Milliounen Dollar ausgesat fir Informatiounen, déi zur Verhaftung vun deem 76-Joer alen Drogekartell-Chef kéinte féieren. Mexikanesch Medie behaapten, hien hätt sech den Autoritéite gestallt, zesumme mam Joaquín Guzmán López, ee vun de Filsse vum bekannten Drogeboss El Chapo.