Radioen

On air

Concert  |  Däitsch Romantik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 16

Bränn zu Los Angeles

Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 16

Zu Los Angeles hunn d'Gesondheetsautoritéiten elo och den Noutstand ausgeruff. Dat wéinst der schlechter Loftqualitéit. Iwwerdeems si mëttlerweil 16 Leit ëm d'Liewe komm.

auto_stories

1 min

Pompjeeë läschen d'Bränn zu Los Angeles | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot

Wéinst de katastrophale Bränn ronderëm Los Angeles hunn d‘Gesondheetsautoritéiten a Kalifornien elo den Noutstand ausgeruff. D‘Loft wier deemno därmoosse mat Damp a rengem Stëbs belaascht, datt d‘Anootmen zu Gesondheetsproblemer ka féieren.

Apparater wéi zum Beispill Laubbléiser goufe verbueden.

Parallel leeft och eng Enquête, déi soll klären, ob ee Brand duerch eng Héichspannungsleitung ausgebrach war, déi erofgefall war.

D'Zuel vun den Doudesaffer ass iwwerdeems op 16 geklommen. Eng 180.000 Leit hu sech missen a Sécherheet bréngen.