Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kalifornien: Kuerzt Opootmen ier de Wand nees zouhuele soll

Historescht Feier

Kalifornien: Kuerzt Opootmen ier de Wand nees zouhuele soll

A Kalifornien huet d‘Situatioun ronderëm déi historesch Bëschbränn sech kuerzfristeg entspaant, well de Wand sech geluecht huet. Et brennt awer nach op villen Plazen an d‘Situatioun bleift kritesch.

auto_stories

1 min

Los Angeles Feier | © picture alliance / NurPhoto | Jason Ryan
Een Ubléck vu Verwüüstung: Nom Passage vum Feier bleift net mli vill stoen. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jason Ryan)

Déi nächst Deeg soll de Wand erëm soll zouhuelen, esou d‘Autoritéiten.

Offiziell sinn 11 Leit ëm d‘Liewe komm, 10.000 Gebaier goufen zerstéiert, an dausende Mënsche si virun de Flamen evakuéiert ginn.

Iwwerdeems gëtt et eng Polemik ronderëm d'Effikassitéit vun de Rettungsaarbechten. De Gavin Newsom, Gouverneur vu Kalifornien, sot, hie wier ganz erstaunt iwwer de Manktem u Waasser an den Drockoffall an den éischten Amenter vun deene Bränn gewiescht. Alles Konditiounen, déi dozou gefouert hunn, datt d‘Flame sech iwwerhaapt konnten ausbreeden. 

Aus dem amerikanesche Verdeedegungsministère krut de Bundesstaat Kalifornien elo d‘Propos fir Hëllef vu 500 US-Zaldoten ze kréien. Déi stéinge bereet fir beim Raume vu Stroossen aktiv ze ginn, mee och fir Sich a fir Rettungsasätz.

Et kéinten och 10 Militärhelikopter kommen. Kalifornie muss dat alles elo decidéieren, esou de Pentagon.