Geschriwwe vum 100,7-Korrespondent Philipp Crowther, vu Washington
All fréier amerikanesch Presidenten, dorënner och den Donald Trump, hunn hir Presenz ugekënnegt.
D’Staatsbegriefnes vum Jimmy Carter dauert scho sechs Deeg. Ugefaangen a senger Heemecht am Staat Georgia, ass dee mam amerikanesche Fändel iwwerdeckte Sarg zënter en Dënschden an der Rotonde vum amerikanesche Kapitol. Dag a Nuecht kennen d’Leit Schlaang stoen a kuerz virum Sarg stoe bleiwe fir him déi lescht Éier ze erweisen.
"Seng Aarbecht a seng Wierker soe méi, wéi all Hommage"
Mat hirem eegenen Hommage huet d’Vizepresidentin Kamala Harris probéiert dem Jimmy Carter seng Famill ze tréischten. Véier Kanner hannerléisst de Carter. Seng Fra Rosalynn war am November 2023 am Alter vu 96 Joer gestuerwen.
D‘Welt wier no him an engem besseren Zoustand wéi virun him, seet d‘Kamala Harris. Seng Aarbecht a seng Wierker géife méi soen, wéi all Hommage, deen een dem 39. President vun den USA maache kéint.
Besseren Ex President, wéi President
De Carter war just véier Joer laang President, vun 1977 bis 1981. Ee Mandat dat vu villen internationale Krise gepräägt war. De Republikaner Ronald Reagan huet hien no enger uerger Defaite am Wäissen Haus ersat. Zënter deem hat de Carter et gepackt sech selwer nei ze definéieren, fir säi Versoen als President vergiessen ze doen. Elo gëtt hien als Staatsmann gefeiert dee sech iwwerall an der Welt fir de Fridden a fir d’Demokratie agesat huet.
De Friddensnobelpräislaureat huet an den USA dacks mat eegenen Hänn ugepaakt fir Wunnenge fir Obdachloser ze bauen. Et gëtt dacks gesot datt hien e besseren Ex-President wei President war.
Solidaritéit tëscht de politesche Parteien?
Och de gewielte President Donald Trump huet de Carter kritiséiert, esouguer nach des Woch. Trotzdeem wëll Washington déi hautzedaags seelen ze gesi Solidaritéit tëscht politesche Parteie weisen. Esou sinn d’Presidente Clinton, Bush, Obama, Trump, a Biden an der nationaler Kathedral erwaart. Den Joe Biden sot hien hätt mam Jimmy Carter och e gudde Kolleeg verluer.
No der Gedenkfeier mécht de Sarg vum Jimmy Carter seng lescht Rees zeréck a seng Heemecht. Am Duerf Plains wou hien opgewuess ass, als Kakuettebauer geschafft huet, do gëtt hien nieft sengem Haus begruewen.