Radioen

On air

Kultur um 5  |  Albumen, déi 2025 erauskommen...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Treffen tëschent Donald Trump a Wladimir Putin gëtt organiséiert

Krich an der Ukrain op een Enn bréngen

Treffen tëschent Donald Trump a Wladimir Putin gëtt organiséiert

Den Donald Trump huet annoncéiert, datt een Treffe mam Wladimir Putin a Preparatioun wier. De russesche President Putin wéilt sech mat him treffen, esou den designéierten US-President Trump, gëschter, Donneschdeg, um Bord vun engem Owesiesse mat republikanesche Gouverneuren a senger Privat-Residenz a Florida.

auto_stories

2 min

Scho virun e puer Deeg hat den Trump fir geschwënn ee Gespréich mam Wladimir Putin an Aussicht gestallt, fir de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain op een Enn ze bréngen. 

Donneschdeg huet hien also betount, datt de President Putin sech wéilt treffen. "Mir sinn am gaangen, dat z’organiséieren", preziséiert den Trump, ouni awer ze soe wéini an a wéi engem Format hien de russesche President soll gesinn.

De Putin hat Mëtt Dezember gesot, datt hie prett fir eng Entrevue mam Trump wier.

Den iwwernächste Méindeg, den 20. Januar, wäert den Donald Trump als neien US-President vereedegt ginn.

Trump wëll Krich bannent 24 Stonnen op een Enn bréngen

No dësem Datum wéilt hie probéieren, de Krich an der Ukrain sou séier wéi méiglech op een Enn ze bréngen, erkläert de Republikaner. “Mir mussen dëse Krich hannert eis bréngen”, esou den Trump, deen och behaapt, datt et dee Krich ni ginn hätt, wann hien US-President gewiescht wier.

Den Trump behaapt reegelméisseg, datt hie gutt Kontakter mam Putin hätt. Am Presidentschaftswalkampf hat hien ëmmer erëm gesot, hie kéint den Ukrain-Krich bannent 24 Stonnen op een Enn bréngen, wa méiglech nach éier hie President gëtt. Wéi hien dat wëllt maachen, huet den Trump bis elo net verroden.

Zënter dem Iwwerfall vu Russland op d’Ukrain viru knapp dräi Joer, hunn d’USA Kiew mat ëmgerechent bal 64 Milliarden Euro ënnerstëtzt.