Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zuel vu Leit, déi kuerz schaffen, geet erop

Gutt 1.000 Leit méi wéi am Februar

Zuel vu Leit, déi kuerz schaffen, geet erop

Am Abrëll wäerte Ronn 9.000 Salariéë kuerz schaffen. Dat sinn der gutt 1.000 méi ewéi nach de Mount virdrun. De Konjunkturcomité, deen de Moien zesumme war, huet 114 Demande fir Chômage partiel guttgeheescht.

auto_stories

1 min

Dorënner 46 Demanden aus dem Bausecteur, wéi am Communiqué präziséiert gëtt. Am Ganzen hunn 145 Entreprisen eng Demande fir Deelzäitaarbecht fir de Mount Abrëll gemaach. Dat sinn der véier manner ewéi de Mount virdrun.