Radioen

On air

Vue sur mer  |  Autumn Sweater - Drinks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Lëtzebuerg wunnen iwwer 136.000 Senioren

STATEC

Zu Lëtzebuerg wunnen iwwer 136.000 Senioren

Dee Chiffer huet de Statec erausginn en vue vum internationalen Dag vun den eelere Persounen, e Sonndeg. Als Senior ziele Persounen iwwer 60 Joer. 

auto_stories

1 min

Senior | © Alexas_Fotos / Unsplash
Senior (Foto: Alexas_Fotos / Unsplash)

Den eelste Mann hei am Land huet 105 Joer, déi eelste Fra dierf esouguer 109 Käerzen ausblosen. D‘Liewenserwaardung bei der Gebuert louch 2021 fir Frae bei 84,8 Joer, fir Männer bei 80,5 Joer. Sechs vun zéng Seniore soe sech selwer bei gudder Gesondheet.

D‘lescht Joer ware 46 Prozent vun de Leit tëscht 56 a 64 Joer um Aarbechtsmaart aktiv. Dat ware 15 Prozent méi wéi nach 2005, allerdéngs 16 Prozent manner wéi déi europäesch Moyenne. Vu 60 Joer un ass esouguer just nach eng Persoun vun zéng um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aktiv.

D‘Senioren hei am Land reesen dofir gär: Iwwer 70 Prozent vun hinne war d‘lescht Joer op d‘Mannst eemol an d‘Vakanz. Déi meescht hunn och reegelméisseg sozial Kontakter. Nëmme véier Prozent vun de Seniore fillen sech ëmmer oder vill eleng.