Méi wéi 16.000 Bierger aus der Europäescher Unioun hu sech 2024 bei eis niddergelooss, dorënner 26 % Portugisen, 23 % Fransousen an 13 % Italiener. 9.250 Neibierger aus Drëttlänner kruten eng Openthaltserlabnis, dorënner méi wéi 2.200 Inder, 1.600 Chinesen a 900 Russen oder Ukrainer. 2024 koumen am Ganze 25.250 Neibierger op Lëtzebuerg. Eng enorm Zuel! 2023 waren et der souguer 27.000 dem géintiwwer si 16.600 Mënschen ausgewandert. De Migratiounssolde louch deemno bei 10.400 Leit – eng Zuel déi zënter Joerzéngte konstant héich bleift.
Méi Reklamm fir de Biergerpakt maachen
D'Diversitéit hëlt massiv zou, ëmmer méi Mënschen aus exotesche Kulturkreesser liewen an eisem Land. Dofir ass et wichteg, d'Zesummeliewen op der Aarbecht, an der Noperschaft, an der Schoul oder an de Veräiner ze thematiséieren an ze fërderen. Am klenge Lëtzebuerg leeft villes iwwer perséinlech Bekanntschaften - fir eng Aarbecht ze fannen, Kontakter ze knëppen an net an d'Isolatioun ze rutschen. D'Gesetz vun 2024 iwwer d'interkulturellt Zesummeliewe setzt mam Gemengepakt de Kader fir e liewegen, solidareschen a respektvollen Ëmgang ënnerteneen. 35 Gemengen hunn dëse Pakt schonn ënnerschriwwen, mee et happert u Moyenen an u Visiounen, fir eng ambitiéis Zesummeliewenspolitik effektiv ëmzesetzen. Hutt dir schonns vum Biergerpakt héieren, mat deem all Awunner a Frontalieren - Lëtzebuerger oder Auslänner - sech kënne perséinlech fir d'Zesummeliewen asetzen? De Biergerpakt ass en excellent Instrument fir eng empathesch a respektvoll Gesellschaft opzebauen, mat engagéierte Bierger déi resilient géint Rassismus an Diskriminatioun sinn. Firwat gëtt net méi Reklamm gemaach fir de Biergerpakt?
Viru kuerzem gouf an der Chamber d’Etüd Polindex virgestallt. Ee Constat ass, datt déi auslännesch Matbierger sech méi politesch Rechter wënschen: 74 % wéilte kënnen u Referenden a 64 % un de Nationalwalen deelhuelen. Als Barrière fir méi Participatioun identifizéieren d’Auslänner niewent engem Mangel u Kenntnisser iwwer déi politeschen Institutiounen haaptsächlech sproochlech Hürden - d'Parteie riichten sech mat Virléift op Lëtzebuergesch un d'Lëtzebuerger an déi politesch Diskussioune gi parteiintern awer och an der Chamber oder de Gemengeréit praktesch exklusiv op Lëtzebuergesch gefouert. Wien traut sech haut nach esou wéi fréier an der Chamber franséisch oder däitsch ze schwätzen?
Politesch Participatioun vun Net-Lëtzebuerger ass a bleift een Theema
Lëtzebuerg ass en demokratesche Staat, an dem d’Parlament vun net emol der Hallschent vun der Bevëlkerung gewielt gouf. Trotzdeem gëtt en eeschten Debat iwwer méi Participatioun vun den auslännesche Bierger evitéiert. Ëmmer erëm gëtt sech hanner dem Resultat vum Referendum vun 2015 verstoppt, wou ausschliisslech Lëtzebuerger mat 78 % géint dat nationaalt Walrecht fir d‘Auslänner gestëmmt hunn. D'Diskussioun an der Chamber ronderëm en neit Walgesetz huet viru kuerzem nach emol de Manktem u Courage betreffend dëser Fro däitlech ënnerstrach.
D'Polindex-Etüd stellt och e Rietsruck fest an ënnersträicht, datt Froe ronderëm Migratioun a Flüchtlingen d'Auslänner an d'Lëtzebuerger praktesch am selwechte Mooss beschäftegen. Eng Tatsaach déi an engem Land, an dem zwee Drëttel vun den Aarbechtskräften Auslänner sinn an an dem all Joer méi ewéi 24.000 nei auslännesch Awunner dobäikommen, besonnesch alarméiert. Esou laang et eis gutt geet, ass dat alles kee Problem. Mee wat geschitt wann déi sozial an ekonomesch Problemer zouhuelen a mir net méi alles a jidderee mat Sue kënne rouegstellen?
Esou Zesummenliewensfroe sinn definitiv Randtheema an eiser nationaler Politik!
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.