D'Logementspolitik géif zënter Joren an déi falsch Richtung goen, esou d‘Zentralbank. Déi meescht Finanzhëllefe géifen sech hei um Enn rëm op de Präis vun der Immobilie néierschloen an domadder just der Offersäit entgéint kommen an net den Demandeuren.
Kritiséiert gouf och, datt näischt ënnerholl gouf fir d‘Depense vum Staat strukturell zeréckzeschrauwen. Lëtzebuerg géif den Ament vun enger gudder Konjunktur profitéieren, déi awer net onbedéngt esou géif unhalen, esou nach d‘BCL.
Hir feelen och kloer Projektiounen, wat d’Steierrecetten ugeet, déi an de nächste Jore vun de Banke wäerten iwwerwise ginn.