arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police warnt virun Erpresser-Mailen

Police

|
reading time

1 min

Police warnt virun Erpresser-Mailen

D‘Police warnt virun Erpresser-Mailen. An de leschte Stonne wieren eng ganz Rëtsch Virfäll gemellt ginn, wou den Absender behaapt, datt hien Accès zum Affer sengen elektroneschen Apparater an e wéilt sensibel Fotoe publizéieren, wann d‘Affer keng gréisser Geldzomm op e Konto fir Kryptowärung géif iwwerweisen. 

reading time

1 min

© Bigstock / kentoh
(Foto: Bigstock / kentoh)

D‘Police mécht drop opmierksam, dass et sech ëm eng Arnaque handelt, déi am Moment am Ëmlaf ass. Déi maile soll een einfach läschen. Wann eng Persoun e Schued soll erlidden hunn, soll se sech bei der Police mellen.