Mir si Mëtt Mäerz an d’Zeckesaison huet schonn ugefaangen. Woubäi et wéinst deene mëlle Wanteren am Fong guer keng richteg Zeckenzäit méi gëtt. Well d’Fauschtreegel seet: Soubal et e puer Deeg noenee siwe Grad (oder méi) waarm ass, soll een Uecht ginn, wann een an de Bësch oder duerch Gestrëpp spadséiere geet.
Wat ka geschéien, wann ee gebass gëtt?
Am beschten et deet een eng laang Box un, déi een och an d’Strëmp stécht, fir deem klenge Parasit guer keng Méiglechkeet ze ginn, duerch e klengt Lach un e Stéck Haut ze kommen, un deem oder an deem et sech festbäisse kéinten. Well dat kann ënner Ëmstänn ganz elle gesondheetlech Konsequenzen hunn: Borreliose (oder Maladie de Lyme) beim Mënsch oder schlëmmer nach, FSME, eng Entzündung vum Gehier a vun der Hirnhaut.
D’Zecke ploen awer net just de Mënsch, mee ginn och un Déieren. Dat sinn zum Deel aner Aarte vun Zecken. Mee och fir d’Déieren - Hënn, Päerd, Fliedermais, Vullen an nach anerer - kann esou een Zeckebëss fatal Konsequenzen hunn.
Firwat gouf d’Zeckeplo déi lescht Joren ëmmer méi uerg?
Datt d'Zeckeplo an de leschte Jore méi grouss gouf, huet mam Klimawandel ze dinn. Op zwou Manéieren: Engersäits ass dat fiicht Wieder am Wanter, mat kaum nach Frascht, gutt fir d’Entwécklung vun den Zecken, déi dofir méi séier grouss ginn, wärend der gläichzäiteg manner jonk stierwen.
An dann hunn déi méi héich Temperaturen och dozou geféiert, datt eng Rei nei Zeckenaarten zu Lëtzebuerg nogewise konnte ginn, déi virdrun hei nach net heemesch waren.