arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ze vill an ze komplex Normen: Bremst de Bausecteur zu Lëtzebuerg sech selwer aus?

Logement

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Ze vill an ze komplex Normen: Bremst de Bausecteur zu Lëtzebuerg sech selwer aus?

Den nach jonken Daachverband vun de Promoteuren zu Lëtzebuerg ass beméit, de Ruff vu sengem Beruffsstand ze verbesseren. Gläichzäiteg wëllt een awer och nees Vertrauen opbauen: Vertrauen an d'Promoteuren, an awer och an de Kaf an Investissement vun Immobilien.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
De Steve Vermeer | © Jo Diseviscourt
De Steve Vermeer (Foto: Jo Diseviscourt)

Réischt am leschte Joer ass d’Fédération des développeurs immobiliers gegrënnt ginn. Et ass den Daachverband vun de Promoteuren hei zu Lëtzebuerg. Si hu sech domadder vun der Chambre immobilière lassgeléist.

"Eng gewëss Qualitéit an de Beruff zeréckzekréien"

Et géing hinnen haaptsächlech drëms goen, d’Interête vun de Promoteuren ze vertrieden, seet de Spriecher vun der nach jonker Federatioun am 100,7-Interview. Et wéilt ee sech als Promoteure méi vun den Agenten oder Syndicen ënnerscheeden, déi och an der Chambre immobilière vertruede sinn, fir nees “eng gewëss Qualitéit an de Beruff zeréckzekréien”, esou de Steve Vermeer.

“Et geet eis och drëm de Leit ze erklären, wat ass de Rôle vum Promoteur developpeur? Deen ass do, fir Projeten ze entwéckelen, an net fir ze spekuléieren an Terrainen ze halen.”

Bis zu 6.000 Wunnenge pro Joer misste gebaut ginn 

Virun enger Woch hat d’Federatioun hir éischt Pressekonferenz. Hiren Haaptkritikpunkt: Et gëtt net genuch gebaut. 2025 sinn ëm déi 1.000 Wunnenge gebaut ginn. Gebraucht ginn der awer tëschent 4.000 a 6.000.

Et misst een zesumme mam Staat no Léisunge sichen, seet de Steve Vermeer, fir dee Problem nees an de Grëff ze kréien.

"Mir mussen d’Baggeren nees un d’Rulle bréngen."

D’Promoteure wieren allefalls motivéiert fir ze bauen, an dat och esou séier wéi méiglech.

Kafen um Plang bleift d'Suergekand

Eng grouss Roll spillt allerdéngs och d’Vertrauen. D’Demande wier do, esou de Steve Vermeer. D’Leit géingen nach kafen, mee net um Plang. Dat kéint een duerch d’Angscht erklären, déi d’Leit wéinst schlechten Erfarungen hunn.

"Datt d’Wunneng net fäerdeggestallt gëtt, oder de Constructeur faillite mécht."

Ënner dem Stréch ginn also net genuch der sougenannter VEFA-Wunnenge verkaf.

Déi Ventë sollen nees relancéiert ginn. Dofir géing un engem neie VEFA-Gesetz geschafft ginn, erkläert de Spriecher vun der Fédération des développeurs immobiliers.

"Mir hunn och eng Charte en place gesat, déi eis Memberen ënnerschreiwen, wou een Obligatioune vis à vis vum futur acquéreur gëtt, fir datt déi sech wuelfillen."

Ze vill Normen am Bau?

Op der Pressekonferenz d’lescht Woch ass och vun den héije Baupräisser geschwat ginn. Et wier e Cumul vu ville Facteuren, betount de Steve Vermeer. Nieft de Materialkäschte fir Bëton, Stol an Isolatiounen, déi enorm an d’Luucht geschoss sinn, kéimen nach klammend Energiekäschten dobäi, eng Hausse vun den Zënsen, Indextranchen an d’Inflatioun. Net ze vergiessen den Impakt vun den aktuelle geopolitesche Krisen.

Op der anere Säit géing d’Constructioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi komplex ginn um Niveau vun den Normen an Obligatiounen, déi een als Constructeur anhale misst.

"Déi Norme si vill ze héich. Mir géifen eis wënschen, datt méi pragmatesch geduecht gëtt. Et sinn ze vill Normen, ze komplex Normen. Dat mécht d’Baue méi deier a mir verléiere Surface utile, déi ee verkafe kann."

An och beim Personal gesäit et net gutt aus. 2024 si 4.000 Aarbechtsplaze verluer gaang. Et wäerten och dëst Joer wuel nach e puer Faillitten dobäi kommen, mengt de Steve Vermeer.

Steiervirdeeler fir Investisseuren?

Mat der Regierung wier een am Dialog, fir Mesuren en place ze setzen, déi den Investissement an de Steen nees undreiwe sollen. Ënner anerem leien d’Propose vun enger TVA-Reduktioun, Subsiden oder nach Steiervirdeeler um Dësch.

Et hätt ee begréisst, datt de Staat an der Vergaangenheet VEFA-Projeten opkaf hätt, mee den Investisseur sollt net vum Staat ersat ginn, warnt de Steve Vermeer. Hien hofft, datt et net ze spéit ass, an datt déi Leit, déi investéiere wëllen, Lëtzebuerg net de Réck dréinen.

 

play_arrow Lauschteren