arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ze vill Sonnestonnen, duerchschnëttlech vill Reen: Dat ass de Wiederbilan vum Mäerz

Meteolux

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ze vill Sonnestonnen, duerchschnëttlech vill Reen: Dat ass de Wiederbilan vum Mäerz

Am Mäerz goufen et zu Lëtzebuerg iwwerduerchschnëttlech vill Sonnestonnen, mat Temperaturen, déi 1,5 Grad iwwert dem Duerchschnëtt loungen. Den Néierschlag louch no un der Moyenne, esou de Luca Mathias vu Meteloux.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Sonn | © unsplash
(Foto: unsplash)

Am Mäerz goufen et zu Lëtzebuerg länger Drécheperioden an ëmmer nees reeneresch Perioden déi sech ofgewiesselt hunn, erkläert de Luca Mathias Meteorolog bei Meteolux.

“Am Allgemengen hu mer dann, bei eis um Findel, e klenge Reendefizit vun zirka fënnef Liter op de Metercarré. Dat heescht war awer elo, par rapport zur Referenzmoyenne, ware mer relativ no drun, wat den Nidderschlag ubelaangt."

Doriwwer eraus huet d’Sonn sech am Mäerz relativ vill gewisen. Et goufe 50 Stonne méi Sonn wéi an der Moyenne. Resüméiert also en ze waarmen a sonnege Mäerz mat engem Nidderschlag deen no un der Moyenne loung.

Zesumme mat dréchenem Januar an naassem Februar gläicht et sech aus

Mat engem Bléck op déi éischt dräi Méint vum Joer 2026 géife sech d’Resultater ausgläichen, esou de Luca Mathias. Esou gouf et am Februar jo een Iwwerschoss, wat den Néierschlag ubelaangt. De Januar war dann ze dréchen,

"Mir sinn do plus minus, vun Ufank vun dësem Joer u si mer am Equiliber, wat den Nidderschlag ugeet. “

Am Abrëll a Mee misst een sech dann déi Saisonal Modeller ukucke fir éischt Tendenze fir de Summer fest ze leeën. Fir de leschte Wanter wieren des Modeller zimmlech akkurat gewiescht, mee am Summer kéinte Komponente wéi beispillsweis Donnerwiederen dat Ganz méi schwiereg maachen.

play_arrow Lauschteren