Radioen

On air

Notturno  |  Junior Boys - Waiting Game

play_arrow Live
search

/ Yuriko Backes: "Ungarn blockéiert indispensabel Hëllef fir d’Ukrain"

1000 DEEG RUSSESCHE KRICH AN DER UKRAIN

Yuriko Backes: "Ungarn blockéiert indispensabel Hëllef fir d’Ukrain"

Zu Bréissel diskutéieren d’EU-Defenseministeren iwwert eng Method fir den ungaresche Blockage ze ëmgoen. Lëtzebuerg ass dofir, seet d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes. D’EU géing d’Ukrain-Hëllef weider ausbauen, egal wien am Wäissen Haus regéiert.

auto_stories

4 min

Foto: European Union

Et wier "absolut regrettabel", datt den EU-Hëllefspak fir d’Ukrain militäresch ze ënnerstëtze vun engem Land blockéiert gëtt, sou d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin Yuriko Backes zu Bréissel, wou haut um Dënschdeg d’Defenseministeren zesumme sinn.

"Ech mengen, hei kann ee wierklech d’Kand beim Numm nennen: Ungarn blockéiert, an dat nach ëmmer. Hei geet et ëm Hëllef, déi indispensabel ass, scho méi laang fir d'Ukrain."

Um dausendsten Dag vun deem illegale russesche Krich an der Ukrain wier keen Enn en Vue, sou d’Yuriko Backes.

Blockage soll duerch eenzel Contributiounen ëmgaange ginn

Diskutéiert gëtt doriwwer, wéi déi 6,6 Milliarden Euro fir d’Ukrain am Kader vum Instrument vun der “Europäescher Friddens-Facilitéit” ouni d’Ënnerstëtzung vun Ungarn kënnen deblockéiert ginn.

Fir de Blockage ze ëmgoe soll eng Method op d’Bee gestallt ginn, bäi där déi 26 aner EU-Länner hir Contributiounen an eenzelnen administrativ Arrangementer der Ukrain zoukomme loossen. Si géifen dat sou ze soe fräiwëlleg maachen, also net bannent engem europäeschen Instrument, sou wéi et virgesi war.

"Lëtzebuerg ënnerstëtzt dat. Et ass vläicht net déi perfekt Solutioun, mee dat ass besser wéi keng Hëllef kënnen der Ukrain zur Verfügung ze stellen."

Yuriko Backes: "Déi 26 Länner wäerten hir Hëllef op anerem Wee zur Verfügung stellen"

Et wier regrettabel, datt et elo kee Konsens op EU-Niveau gëtt, fir déi Hëllef op d’Been ze setzen, sou d’Verdeedegungsministerin.

"Mee mir sollen eis net vun engem Land do blockéiere loossen. Dat heescht, déi Länner, déi ausser engem souwisou alleguerten hir Hëllef wollten zur Verfügung stellen, wäerten dat och maachen. Eben iwwert en anere Wee."

Si wier zouversiichtlech, datt sech all Land un d’Ofmaachung hale wäert, sou d’DP-Politikerin.

D’Lëtzebuerger Hëllef fir d’Ukrain, beleeft sech bis haut am Ganzen op 250 Milliounen Euro. Wéi héich d’Contributioun beim neie Pak wäert sinn, wollt d’Verdeedegungsministerin net soen. "Et ass ze fréi, dat genee ze chiffréieren", sou d’DP-Politikerin.

De Wiessel am Wäissen Haus géif näischt un der europäescher Determinatioun änneren, fir weider un der der Säit vun der Ukrain ze stoen, sou nach d’Yuriko Backes. D’EU-Länner hätten an de leschte Joren “substanziell méi an déi kollektiv Defense investéiert”. Lëtzebuerg hätt seng Investissementer an deem Beräich an de leschten zéng Joer verdräifacht.

"An deenen nächste Jore wäerte mir d’Investissementer nach eng Kéier verduebelen. Och aner Länner hu weider um Invest an d'Defense geschafft. Dat ass, egal wien am Wäissen Haus ass, souwisou geschitt."

Europäesch Arméi: Keen Theema fir de Moment

De Premier Luc Frieden hat viru Kuerzem an enger Ried iwwert seng Visioun fir d’EU d’Iddi vun enger europäescher Arméi an d’Spill bruecht. Dat wier eng laangfristeg Visioun, sot dozou d’Yuriko Backes op d’Fro, ob si déi Propos mat an d’Diskussioune mat hiren EU-Kolleeg:innen huele wäert.

"Mir schwätzen haut net iwwert eng europäesch Arméi. Do si mir net. Ech mengen, mir hunn haut méi wichteg Saachen ze beschwätzen. Mir gesinn awer och, datt mir haut scho ganz intensiv och zesumme mat der Belsch schaffen, fir ee Batailloun binational op d'Been ze stellen. Dat ass jo och schonn eng Form vu méi integréierter Kooperatioun."

Lëtzebuerg stécht 32 Milliounen Euro a militäresch Koalitioune fir d’Ukrain

Eenzel Länner vun der EU hu sech a “Koalitiounen” zesummegedoen, fir a verschiddene militäresche Secteuren d’Hëllef fir d’Ukrain ze koordinéieren.

De Grand-Duché ass bei der Hallschent vun deenen aacht Koalitiounen derbäi: Lëtzebuerg ass Deel vun der Koalitioun iwwert d’Informatiounstechnologie, den Dronen, der Artillerie an der Air Force an huet wëlles, déi Allianze mat am ganzen 32 Milliounen Euro ze ënnerstëtzen, sou d’Annonce vun der Verdeedegungsministerin.