Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Von der Leyen versprécht Kiew weider 160 Milliounen Euro fir de Wanter

Europäesch Unioun

Von der Leyen versprécht Kiew weider 160 Milliounen Euro fir de Wanter

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet der Ukrain weider Hëllef fir de Wanter ugekënnegt. Zu Kiew sot d‘Politikerin haut, datt d‘EU zousätzlech 160 Milliounen Euro un Hëllef versprach huet. Domadder sollen iwwer 25 Prozent vum Stroumbedarf vum Land gedeckt ginn.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

An zwou Woche géif d‘Saison ufänken, an där gehëtzt muss ginn, an déi ukrainesch Infrastruktur wier duerch déi russesch Bombardementer zum groussen Deel zerstéiert. Souwuel d‘Waasser, wéi och d‘Stroumversuergung fale reegelméisseg aus. Et gëtt gefaart, datt déi Situatioun sech weider kéint verschlechteren. 

Och Norwegen huet weider Hëllef vu 425 Milliounen Euro fir d‘Ukrain annoncéiert. Dës Sue sollen der ukrainesche Protection Civile ze gutt kommen, esou déi norwegesch Premierministerin Erna Solberg.