Radioen

On air

Kultur um 5  |  Screaming Fields – 4 Kandidaten (Deel 2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU annoncéiert weidere Sanktiounspak géint Russland

Aggressiounskrich an der Ukrain

EU annoncéiert weidere Sanktiounspak géint Russland

Zu Bréissel si sech d’EU-Memberlänner de Moien eens ginn iwwer en neie Sanktiounspak géint Russland. Dora sinn och eng éischt Kéier Sanktioune virgesi géint flëssegen Äerdgas aus Russland. Moskau mécht domat bis dato Geschäfter a Milliardenhéicht.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Dësem Accord waren awer zéi Verhandlunge virausgaangen. Virun allem Däitschland hat ëmmer nees Wënsch, fir den entspriechenden Text ze änneren. Berlin wollt e manner strengen Text, fir der eegener Ekonomie, wéi et ausgesäit, manner ze schueden.

Hoffnung, datt Russland manner Gas verkafe kann

Woubäi d’Sanktioune géint de russesche Flësseggas als duerchaus schaarf kënnen ugesi ginn. Sou soll et zum Beispill an Zukunft verbuede sinn, datt en Hafe wéi dee belsche vu Zeebrugge genotzt gëtt, fir dës Zort vu russeschem Gas mat Schëffer an Drëttlänner ze bréngen. Dat kéint dozou féieren, datt Russland manner Gas verkafe kann an domat manner Suen a seng Rëschtungsindustrie an an de Krich géint d’Ukrain stieche kann.

Urusla von der Leyen begréisst Duerchbroch

Trotz dem ofgeschwächten Text huet d’nach- a warscheinlech och zukünfteg EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen den Duerchbroch op deem Punkt begréisst.

Si huet vun engem staarke Moossnamepak geschwat, dee Moskau den Zougank zu Technologie méi schwéier maache géif, déi Russland awer fir de Krich an der Ukrain bräicht; dobäi kéim de Minus u Recetten.

Accord huet an Däitschland Sträit ausgeléist

Deen neie Mesurëpak war schonn Ufank Mee vun der EU-Kommissioun virgeschloe ginn. Datt et annerhallwe Mount bis zum Accord gedauert huet, hat mat de Bedenke vun däitsche Säit ze dinn. Zu Bréissel war Däitschland dowéinst an der Lescht iwwregens als neit Ungarn ugesi ginn, well et net séier eppes mat de Sanktioune gouf.

An der däitscher Regierung gouf et heiwéinst, wéi et schéngt, och op en Neits Sträit, dës Kéier tëscht dem gréngen Ausseministère an dem roude Kanzleramt.

 

 

Aktualitéit
Europa
Krich an der Ukrain