arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel warnt virun Risike bei Budapest-Meeting

EU-Aussenministeren

|
headphones

3 min

Xavier Bettel warnt virun Risike bei Budapest-Meeting

D’Ukrain muss mat um Dësch sëtzen zu Budapest, bei der annoncéierter Reunioun tëschent dem amerikaneschen an dem russesche President, esou d’Meenung vu villen Ausseministeren aus de 27 EU-Länner. Mee och d'EU-Institutioune sollte vum Viktor Orbán invitéiert ginn, seet de Lëtzebuerger Ausseminister.

headphones

3 min

"Ech si prett, zu Budapest bei der Entrevue tëschent dem amerikaneschen an dem russesche President derbäi ze sinn": Dat sot e Méindeg de Moien den ukrainesche President Wolodymyr Selensk,j op enger Pressekonferenz.

D’Ukrain misst mat um Dësch setzen, wann et ëm ee Friddensaccord mat Russland geet. Dat hunn och eng Partie vun den Ausseministeren aus der EU betount. Si sinn um Méindeg um Kierchbierg zesummen, ënner anerem d’Situatioun an der Ukrain steet do um Ordre du jour.

Ausgerechent zu Budapest

Datt den amerikanesche President Donald Trump säi russeschen Homolog ausgerechent zu Budapest wëllt gesinn, wier “not nice”, sot virun der Reunioun d’Baussebeoptraagt Kaja Kallas. Domat géif een een, géint deen et en internationalen Haftbefeel gëtt, op EU-Buedem empfänken. 

Bettel: "Schlag an d’Gesiicht fir d’EU"

Als “Schlag an d’Gesiicht fir Europa”, huet virun der Reunioun de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel déi Annonce am 100,7-Interview bezeechent.

De Lëtzebuerger Ausseminister gesäit hei zwee Risiken:

"Den éischte Risiko ass, dass d'Ukrain net um Dësch sëtzt. Dat heescht, dass diskutéiert gëtt ouni d'Ukrain. An dat ass ëmmer risky. An zweetens, dass mir als Europa kee Bild vun Unitéit ginn, wat bis elo d’Stäerkt vun Europa war."

Diskussioune si wichteg, esou d’Aschätzung vum franséischen Ausseminister Jean-Noel Barrot.

"Mais cette présence annoncée de Vladimir Poutine sur le territoire européen n’a de sens que si elle permet d’acter un cessez-le-feu immédiat et sans conditions."

Och EU muss present sinn

Bis op den ungaresche Premier Viktor Orbán spillt d’EU bis elo keng Roll  bei deem Rendez-vous. Vertrieder:inne vun EU-Institutioune missten och present sinn, fënnt de Xavier Bettel.

"Ech géif awer och dem Orbán uroden, EU-Vertrieder, dat heescht, d'Kommissiounspresidentin, mee och de President vum Conseil, ze invitéieren"

An der EU allerdéngs stellt ee sech Froen iwwer d’Resultat vun esou enger Entrevue. Virun allem nodeems den Donald Trump nees Zougeständnisser u Russland, ewéi d’Opgi vun eegenem Territoire vun der Ukrain, an de Raum gestallt huet. 

Et kann een net einfach engem Land soen, dee muss d'Territoiren ofginn. A virun allem, ouni dass si en Averständnis ginn hunn. Mir sollen d'Ukrainer ënnerstëtzen, fir dass se net an enger situatioun de faiblaisse sinn, mee an enger position de force sinn.

Russescht Staatsverméigen: Bettel hofft op Stellungnam vun der EZB

Decisioune ginn op der Reunioun um Kierchbierg keng geholl. Och net, wat nei Sanktioune géint Russland ugeet. Iwwer de 19. Pak vu Mesurë sollen d’Staats- a Regierungscheffen en Donneschdeg zu Bréissel diskutéieren.

Ëmstridden ass och nach ëmmer d’Gebrauche vum agefruere  russesche Staatsverméigen. D’Belsch an och Lëtzebuerg sinn do weider skeptesch. De Xavier Bettel hofft, datt d’Presidentin vun der Europäescher Zentralbank op deem EU-Sommet Stellung hëlt. Et wier wichteg, déi Aschätzung ze hunn, well esou eng Mesure ka Repercussiounen op den Euro hunn, esou de Xavier Bettel.

Um Bord vum Ausseminister-Conseil um Kierchbierg huet den Ausseminister Xavier Bettel sech och zu potentiellen EU-Sanktioune géint Israel  geäussert.