Et wier déi éischte Kéier, datt dem neien europäesche Parteiegesetz no eng Prozedur géint eng europäesch Partei lancéiert gëtt.
D’Partei "Europa vun de Souveränen Natiounen" (ESN) ass op europäeschem Niveau d’Doheem vun der däitscher "Alternative für Deutschland". Si ass den Ament mat 27 Deputéiert am Europaparlament vertrueden. Nieft der AfD sinn och rietsextreem Parteien aus Bulgarien, Polen oder der Slowakei Member an der ESN.
Verdacht op Verstouss géint EU-Valeuren
D’Autoritéit, déi Europäesch Parteien iwwerwaacht, hat viru Kuerzem déi europäesch Institutiounen alertéiert, datt d’ESN-Partei méiglecherweis géint europäesch Valeure verstéisst.
Si huet Stellungnamen, Posts aus de Soziale Medien asw. vun ESN-Representanten an engem 300 Säite laange Rapport zesummegedroen.
D’Reform vum europäesche Parteiegesetz gesäit vir, datt eng Partei, déi d’europäesch Valeuren net respektéiert, aus dem europäesche Parteieregëster ka gestrach ginn. Duerno kéint si net méi vun EU-Sue profitéieren.
Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens hat als Co-Rapporteur un der Reform matgeschafft, déi zejoert decidéiert gi war.
"Ech mengen, datt et genuch Substanz gëtt fir unzezweiwelen, datt d’AfD an d’ESN d'EU-Valeure respektéieren, wéi se am Artikel 2 vum Lissabonner Vertrag festgeschriwwe sinn."
D’Prozedur gesäit vir, datt e Comité vun onofhängegen Experten en Avis ofgëtt. Virdrun awer muss sech d’Majoritéit vum Parlament dofir ausschwätzen, d’Prozedur iwwerhaapt ze lancéieren. Doriwwer soll haut um Dënschdeg an der Plenière ofgestëmmt ginn. Et kéint sinn, datt déi Majoritéit zustane kënnt.
Partei-iwwergräifend Demande fir Vott an der Plenière
Ëmmerhi gouf d’Demande fir dee Vott vun 247 EU-Deputéiert aus verschiddene Parteie mat ënnerschriwwen. Déi meescht Signatairë komme vun de Sozialisten, de Gréngen de Liberalen an deene Lénken.
Ënner de Signatairë sinn nieft dem Charel Goerens och d’Tilly Metz vun deene Gréngen an de Marc Angel vun der LSAP. Ob haut an der Plenière eng Majoritéit zesummekënnt, wäert virun allem vun den 185 Deputéierte vun der EVP ofhänken.
CSV-EU-Deputéiert si fir Enquête
Vun hinnen haten der just 15 hir Ënnerschrëften ënner déi formell Demande gesat. Dorënner, keng vun den zwou Vertriederin vun der CSV, déi jo Member an der EVP-Fraktioun sinn.
D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima seet, dat hätt organisatoresch Ursaachen. Si stéing “voll a ganz hanner der Demande”.
"Ech wäert ganz sécher dofir stëmmen, datt déi Enquête leeft. Et ass nëmme richteg, dat eng Partei, déi géint d'europäesch Valeure geet, net méi de Statut als Europäesch Partei huet an d’Sue gestrach kritt, déi si als europäesch Partei zegutt huet."
Vun den dräi rietse bis riets-extreeme Fraktiounen am Parlament huet iwwregens keen d’Ufro matgedroen.
Si wiere sech do konsequent, esou de Charel Goerens.
Déi Fraktiounen hate sech deemools nämlech géint déi respektiv Ännerungen am Gesetz gewiert.
Kee Verbuet vun ESN
Géif d’Partei ESN um Enn aus dem Europäesche Regëster gestrach, wier se iwwregens net verbueden.
Hir Membere kéinten och weider am Europaparlament setzen an do eng Fraktioun bilden. Si misste "just" op EU-Fongen an Héicht vu ronn zwou Milliounen Euro am Joer verzichten.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.