Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Keng spezifesch Reesrecommandatioune fir an d‘USA

Wéinst Politik vu neier US-Regierung

Xavier Bettel: Keng spezifesch Reesrecommandatioune fir an d‘USA

Den Ausseministère huet kee spezifeschen Avis de voyage oder aner Reesrecommandatioune fir d’USA. Dat äntwert den Ausseminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro zum Thema vun de Piraten. 

auto_stories

1 min

Hannergrond ass, datt rezent Holland, Däitschland, Finnland an d'Belsch hir Reesrecommandatioune fir LGBTQIA+-Persounen, déi an d‘USA reesen, verschäerft hunn. Dat als Reaktioun op d'Politik vun der neier US-Regierung.

De Ministère géif weiderhin allgemeng alle Reesende recommandéieren, fir sech genee iwwert d'Areesbestëmmungen an déi allgemeng Sécherheet vun hiren Destinatiounslänner ze informéieren – och wat de spezifesche Kontext vun LGBTQIA+ Persoune betrëfft, esou nach de Minister.