search

/ Wuel bis zu 30.000 Doudeger op zwee Protestdeeg am Iran

Noen Osten

|
headphones

1 min

Wuel bis zu 30.000 Doudeger op zwee Protestdeeg am Iran

Bei de rezente Masseprotester am Iran kéinten op zwee Deeg – den 8ten an den 9ten Januar - eleng bis zu 30.000 Leit doutgemaach gi sinn. Dat schreift den amerikaneschen Time-Magazine haut um Sonndeg a berifft sech op zwee ranghéich Beamten aus dem iranesche Gesondheetsministère.

headphones

1 min

© EPA/MICHAEL BUHOLZER
(Foto: EPA/MICHAEL BUHOLZER)

Déi staatlech Autoritéiten wieren deen Ament mat der Biergung an der Beseitegung vu Läichen iwwerfuerdert gewiescht.

Bis elo stoung d‘Zuel vu 5.500 Doudegen am Raum. Kloer ass, datt déi iranesch Autoritéiten d‘Protester géint de Regimm mat aller Häert bluddeg néiergeschloen hunn an d'Ausmooss vun den Doudesaffer vill méi grouss ass, wéi bis elo geduecht war.

Wéinst enger Internetblockad am Iran ass et nach ëmmer schwiereg u genee Informatiounen aus dem asiatesche Land ze kommen.