Och um Dag no de Wale gëtt d'Victoire vun der Studentebeweegung an de Stroosse vu Belgrad gefeiert. Den Aleksandar Baucal ass ee vun de Kandidate vun der Studentska Lista.
Den 61 Joer ale Professor fir Psychologie op der Uni Belgrad ass, wéi déi aner Leit vun der Studentelëscht, kee Beruffspolitiker.
Korruptioun bekämpfen als grouss Erausfuerderung
Ob hien an d'Parlament anzéie wäert, ass nach net gewosst. D'Studenten a Studentinnen decidéieren intern, wéi eng vun hire Kandidaten elo politesch Verantwortung iwwerhuelen. Onbekannt ass och, wie kéint Regierungschef ginn.
Déi wichtegst Aufgab vun der neier Regierung wier et elo, d'Korruptioun am Land ze bekämpfen, esou den Aleksandar Baucal.
Déi politesch Muechtverhältnisser a Serbie maachen eng Bekämpfung vun der Korruptioun awer net einfach, erkläert den Naim Leo Beširi, Direkter vum serbeschen Institut fir europäesch Affären. D'Presidentschaft an d'Gemenge sinn nämlech nach an der Hand vun der SNS-Partei.
"Esouwuel op lokalem wéi och op nationalem Plang wäerte se mat Oppositioun konfrontéiert sinn."
Enttäuschung vun der EU
D'Studenten a Studentinnen hunn europäesch Wäerter zu engem vun hire Prinzippie gemaach. Op de Stroosse vu Belgrad ass awer vun der EU wéineg ze gesinn. D'Studenten a Studentinne wiere vun der EU enttäuscht, mengt den Naim Leo Beširi.
"Mir haten eng offiziell Visit vun der Von der Leyen zu Belgrad. Si huet vum "Léiwen Aleksandar" geschwat a vill gelaacht. Fir d'Leit war dat eng Ënnerstëtzung fir den Autokrat, deen d'Gesetzer, d'Pressefräiheet an aner Fräiheeten zënter Laangem ënnergrueft."
Esouwuel d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wéi och d'EU-Kommissärin fir Erweiderung, d'Marta Kos, hunn der Beweegung op de Soziale Medie fir hire Walerfolleg gratuléiert.
Elo géing een neit Kapitel fir Serbien un, d'Dier fir an d'EU wier weiderhin op, esou d’Marta Kos op der Plattform X.
Kosovo weiderhin net als Land unerkannt
Mee an enger wichteger Froass d'Studentebeweegung net op der Linn vun der EU. Esou wëlle si keng Sanktioune géint Russland verhänken. Den Aleksandar Baucal erkläert, datt een zwar duerchaus probéiert, op enger Linn mat der EU-Baussepolitik ze sinn.
"Mee mir hunn d'Situatioun analyséiert a sinn zur Conclusioun komm, datt mir ofhöngeg si vu russeschen Energien well mir eis net diversifizéiert hunn."
Och an engem anere Punkt ass d'Studentebeweegung op der selwechter Linn wéi d'SN-Regierung. Och si wëllen nämlech d'Onofhöngegkeet vu Kosovo net unerkennen. Si beruffe sech dobäi op déi serbesch Verfassung, no der Kosovo een Deel vu Serbien ass.
Mat der Studentebeweegung un der Muecht betrëtt Serbie politescht Neiland. Vill Froe bleiwen nach op.
Den Aleksandar Baucal wier prett, an d'Parlament anzezéien, hie wéilt awer seng Aarbecht als Unisproffessor net un den Nol hänken. Hie wëllt seng Verbindung zu de Studenten, zum Ënnerriichten an zu der Fuerschung net verléieren.