arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL: D'Plattform Wolt géif de Livreuere bis zu 40 Prozent manner bezuelen

National

|
reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow

OGBL: D'Plattform Wolt géif de Livreuere bis zu 40 Prozent manner bezuelen

Livreuren, déi fir Plattforme wéi Wolt schaffen, wiere keng Salariéen, well si eeben um Pabeier als Independant gëllen. Si hätten domat déi schlecht Konditioune vu béide Säiten, mengt den David Angel vum OGBL. Et wéilt ee sech mam Aarbechtsminister an och mat de Responsaable vu Wolt zesumme setzen.

reading time

3 min

headphones

9 min

play_arrow
Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz | © Radio 100,7
Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz (Foto: Radio 100,7)

Livreuren hätten den Drock, d'Ausbeutung an d'Oplage vun engem Salarié, gläichzäiteg misste si awer och hir Sécurité sociale selwer bezuelen, hir Pabeiere selwer an d'Rei maachen, a géifen net bezuelt gi wa si krank sinn, esou den David Angel vum OGBL.

Doriwwer eraus hätte si och keng gereegelt Aarbechtszäiten a kee Mindestloun zegutt. Och wa Livreuren de facto keng Salariéë sinn, gesäit den David Angel d'Gewerkschaften awer an der Flicht sech fir dës Leit anzesetzen.

"Si si wierklech déi schaffend Leit, déi hei zu Lëtzebuerg an allgemeng an Europa, déi schlëmmsten an déi schwéiersten Aarbechtsbedéngungen hunn an am mannste Geld dofir verdéngen."

De Kär vum Problem wier, datt d’Plattformaarbecht net gereegelt wier. 

EU-Direktiv gëtt et schonn zënter zwee Joer

Dobäi géif et och schonn zënter zwee Joer eng EU-Direktiv ginn, déi seet, datt et - ënner bestëmmte Konditiounen - eng Présomption de salariat misst ginn. Dat géif heeschen, datt Leit ënner gewësse Konditiounen net méi als Independant ugesi ginn däerfen, mee als Salariéë misste registréiert ginn.

D’Regierung hei am Land wier awer net presséiert, dës Direktiv ëmzesetzen, esou d’Gefill vum Gewerkschaftler. 

"Elo muss een awer soen, dass mir elo bis dato vu Säite vun der Regierung éischter gespuert hunn, dass do op d'Brems gedréckt gëtt, an dass mir net wierklech weiderkomm sinn an deem doten Dossier."

E Gesetz, dat géif gräifen, géif d’Saach op alle Fall méi einfach maachen, seet den David Angel. 

Absence am CPTE "keen dreiwende Facteur"

Datt d’Gewerkschaften an de leschte Méint net méi am CPTE, dem Comité permanent du travail et de l’emploi, ware fir weider un dësem Theema ze schaffen, gesäit den David Angel net als dreiwende Facteur, firwat et an dësem Dossier net weidergeet.  

Schonn zënter dräi Joer géif ee Projet de loi zu dësem Theema diskutéiert ginn, an d’Gewerkschaften hätte schonn eng jett Kéier hir Positioun duergeluecht.

Ee konkreten Datum fir eng Entrevue mam Aarbechtsminister Marc Spautz géif et den Ament nach net ginn. Et géif awer een Datum fir e Virgespréich ginn, esou den David Angel.

Gewerkschafte ginn nees an de CPTE 

D’Gewerkschaft hunn am Kader vum Tripartitesaccord och zougestëmmt, nees an den CPTE ze goen. Hei géif et dann och prioritär ëm d’Plattformaarbecht goen.

Ursaach vun deem aktuelle Konflikt ass d'Tatsaach, datt Wolt d'Tariffer wëllt erofsetzen. Den OGBL hätt vun de Livreuren Informatioun kritt, datt et sech hei ëm eng Reduktioun vu bis zu 40 Prozent géif handelen, esou nach den David Angel.

"Do sinn elo Leit, déi eis gesot hunn, déi schaffe 14, 15 Stonnen den Dag. Dat muss ee sech mol virstellen. Déi schaffe siwen Deeg d'Woch, déi schaffe Feierdeeg inclus, déi kommen um Enn vum Mount brutto op eng 3.000 Euro, mussen dann nach selwer hir Chargë bezuelen, mussen d'CNS bezuelen an esou weider. An um Enn vum Mount bleift deenen dann, fir ze liewen, nach 1.700, 1.800 Euro iwwreg"

Datt d’Livreure sech elo géifen trauen op d’Strooss ze goe mam Wëssen, datt si doduerch riskéieren, hir Arbescht ze verléieren, géif weisen, wéi grav d’Situatioun ass.

Taktik a Monopolstellung

Dës Reduktioun vun de Präisser, déi e Livreure pro Commande kritt, wier och e Geschäftsmodell, esou den David Angel.

D’Taktik vun de grousse Plattforme wier am Ufank, d’Livreure mat attraktiven Aarbechtskonditioun ze lackelen, an dann, wann d’Plattform bis etabléiert ass an eng gewësse Monopolstellung huet, d’Personalkäschten erof ze drécken – voir de Livreuren manner Suen ausbezuelen.

D’Restaurateure géifen iwwerdeems och net ëmmer op hir Käschte kommen.  

play_arrow Lauschteren