Am Kongress blockéieren d‘Republikaner en neien Hëllefspak fir d‘Ukrain an Héicht vun 61 Milliarden Dollar.
Den US President Joe Biden sot no engem Gespréich mam Selenskij op enger Pressekonferenz: Hie kéint net verspriechen, datt de Kongress sech séier wäert eens ginn, mee hie géif hoffen, datt dat geschitt. Et wier essentiel, datt d‘USA d‘Ukrain weider finanziell ënnerstëtze fir sech géint Russland ze wieren, sou den Joe Biden.