An deem Sënn gëtt ee Memorandum of Understanding am Beräich vun de Weltraum-Technologien ënnerschriwwen. Vun Enn der Woch un flitt d’Luxair och zweemol d’Woch an déi slowenesch Haaptstad Ljubljana. Béid Premier Ministeren hu sech virun der Press als Alliéiert op europäeschen Niveau presentéiert, et géif een déi selwecht Valeuren deelen.
Net ganz eens ass een sech awer wann et em d’Erweiderung vun der Unioun geet. De Robert Golob huet an engem rezente Bréif un de Conseilspresident Charles Michel gefuerdert datt d’Negociatiounen iwwert de Bäitrëtt vu Bosnien-Herzegowina virun Enn des Joers ufänken. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel sot et misst een d‘Reegele respektéieren a sech dofir déi néideg Zäit huelen.