22 Filmer sinn an der Course fir de Gëllene Bier fir de beschte Film. Donieft ginn zu Berlin eng Rei Sëlwer Bieren iwwerreecht, zum Beispill fir déi beschte Leeschtunge vu Schauspiller.
Déi 76. Berlinale hat den 12. Februar ugefaangen, a si geet um Sonndeg mat engem Publikumsdag op een Enn.
Déi International Filmfestpiller zu Berlin sinn e Filmfestival, deen all Joer organiséiert gëtt. D’Berlinale gehéiert nieft Cannes a Venedeg zu de wichtegste Filmfestivallen.